Josy Mersch

Vu Wikipedia
Josy Mersch
De Josy Mersch um Titelblat vun der A-Z de 17.Februar 1935.
Gebuertsnumm Jean Jacques Joseph Mersch
Gebuer 21. Mäerz 1912
Diddeleng
Gestuerwen 18. Februar 2004
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Vëlossportler, Moler, Gastronom, Geschäftspersoun
Famill
Geschwëster Arsène Mersch
Erënnerungsplack un de Josy Mersch am Zéisséngerbësch

De Josy Mersch, gebuer als Jean Jacques Joseph Mersch den 21. Mäerz 1912 zu Diddeleng[1] a gestuerwen den 18. Februar 2004 an der Stad[2], war e lëtzebuergesche Vëlossportler, spéider Veloshändler, Moler a Wiert. Hie war Cyclocross-Spezialist. Zesumme mat sengem Brudder Arsène Mersch, deen och eng Proficarrière op der Strooss an op der Pist hat, ass hie mat groussem Erfolleg an den 1930er Jore Cyclo-Cross[3] gefuer.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Mat 19 Joer huet de Josy Mersch ugefaange Vëlossport ze bedreiwen. No senger Schoul am Lycée des Arts et Métiers, huet hien als techneschen Zeechner beim Ingenieursbüro Barblé[4] zu Stroossen geschafft. Hien a säin Brudder Arsène waren aktiv Coureure virum zweete Weltkrich am VS Dommeldange[5]. Nom Krich huet de Josy Mersch och de Charly Gaul ënnerstëtzt, dee Member vum selwechte Club war.

Säin ouni Zweiwel gréissten Erfolleg war am Joer 1935[3] eng Victoire am Critérium International de cyclo-cross pédestre zu Suresnes bei Paräis. Bei der selwechter Course gouf säi Brudder Arsène Drëtten an d'Bridder Mett a Pierre Clemens, 4. an 9. a si konnte sech esou gutt klasséieren datt Lëtzebuerg och ganz däitlech d'Victoire am Lännerklassement gewonnen huet. Dës Course ass nodréiglech als Weltmeeschterschaft unerkannt ginn, a gëtt an de Bicher vum Cyclo-Cross och esou ugesinn, obwuel déi offiziell Weltmeeschterschaft vun der UCI am Cyclo-Cross eréischt zanter 1950 besteet[6].

1938 huet de Josy no engem béisen Accident, wou hie mam Vëlo gefall war, missen ophalen. Duerno hat hien e Vëlosgeschäft zu Déifferdeng an der Avenue de la Liberté, dat hien un de Josy "Bibi" Liberatore ofginn huet. An der Stad huet hien e Café op der Place d'Armes iwwerholl - "d'Taverne Josy Mersch" - wou net nëmme vill Sportler sech Rendez-vous ginn hunn[7].

Niewent senger sportlecher Karriär, huet hie sech quasi säi ganzt Liewe mat Molerei beschäftegt. Nom Zweete Weltkrich gouf hien den éischte President vum Déifferdenger Art Vivant[8], engem Konschtveräin deen och vum Foni Tissen an dem Auguste Trémont frequentéiert gouf. Och wann de Josy Mersch an der Molerei verschidde Stiler ausprobéiert huet, ass hie virun allem bekannt wéinst senger figurativer Uelegmolerei vu Lëtzebuerger Landschaften, Dierfer an Haiser. Eng gutt Partie vun dëse Wierker ass op Bestellung entstanen.

Säi Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

1932[änneren | Quelltext änneren]

1933[änneren | Quelltext änneren]

1935[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad Lëtzebuerg huet de Cyclocross-Circuit zu Zéisseng, wou 1999 d'national Cross-Meeschterschaften an 2002 d'international Militär-Cross-Meeschterschafte gefuer goufen, no him genannt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Josy Mersch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Gebuertsschäin vum Josy Mersch
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 20. Februar 2004
  3. 3,0 3,1 Le Critérium International de cross cyclo-pédestre, Championnat du Monde avant l'heure (2017)
  4. Ateliers de Construction Barblé, Strassen op industrie.lu
  5. Thill, Fernand; Bressler, Henri (2006): Le sport cycliste dans la capitale. An "Ons Stad", Nummer 82
  6. Van de Gejuchte, Dirk; Sergent, Pascal (1996): La gloire dans les labours: grande et petites histoires du championnat du monde de cyclo-cross. Ed. de Eecloonaar, Eeklo (Belgique)
  7. Clesse, René (1991): 300 Jahre Plëssdarem. An "Ons Stad", Nummer 37
  8. L'Art à Differdange - Art Vivant