Op den Inhalt sprangen

Jousefskierch Esch-Uelzecht

Vu Wikipedia
Jousefskierch
Esch-Uelzecht
Escher Jousefskierch (2005)

Escher Jousefskierch (2005)
Escher Jousefskierch (2005)
Uertschaft / Plaz Esch-Uelzecht
Par Esch-Uelzecht
Sainte-Famille
Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Hl. Jousef
Konsekratioun 1877
Architekt(en) Charles Arendt
Baujoer 1873-1877
Koordinaten 49° 29’ 52.3’’ N
      05° 58’ 58.0’’ O

Kierchen - Kapellen
D'Pietà
D'Westenfelderuergel vun 1977

D'Jousefskierch vun Esch-Uelzecht ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Esch-Uelzecht Sainte-Famille an zu der Gemeng Esch-Uelzecht gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Jousef, deem säi Fest den 19. Mäerz gefeiert gëtt.

D'Kierch steet am Quartier Al Esch op engem Terrain dee vun der rue de l'Église, der rue Saint-Joseph, der rue des Remparts an der rue Jean-Origer ëmginn ass. Den Haaptagank vun der Kierch ass an der rue de l'Église.

Déi neogotesch Kierch gouf tëscht 1873 an 1877 gebaut. D'Pläng ware vum Charles Arendt, deen de Concours gewonnen hat, dee vun der Gemeng ausgeschriwwe gi war. De 14. Mee 1877 gouf se vum Bëschof Nicolas Adames geweit.

D'Bannenariichtung ass vun 1881 u vum Architekt Alphonse-Pierre Kemp weidergefouert ginn.

Si gouf 1997 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationalmonument klasséiert.[1]

Den Héichaltor hannen am Chouer staamt aus dem Atelier Koch vun Tréier, op him stinn eng Statu vun der Tréischterin am Leed, driwwer den hl. Jousef a riets a lénks dovun d'Apostele Péitrus a Paulus. De rietse Säitenaltor weist déi hl. Famill, op dem lénkse steet eng Pietà. Déi gemoolte faarweg Fënstere sinn aus der Franz Mayer'schen Hofkunstanstalt a weise virun allem Zeenen aus dem Liewe vun der hl. Famill.

Wandmolereien

[änneren | Quelltext änneren]

Déi figurativ Molereien op de Wänn si vum J. Schneider vu Köln a goufen 1908 fäerdeg. 1960 gouf driwwer ugestrach a bei der leschter Restauréierung, déi 2002 ofgeschloss war, goufe se nees fräigeluecht. Si weisen op de Wänn vum Mëttelschëff Medaillone mat Hellegen an am Chouer Zeenen aus der Bibel déi a Relatioun mat der Eucharistie sinn.

Déi ornamental Fënsterrous um Duxall vun 1964 hanner der Uergel ass vum Gustave Zanter.

D'Jousefskierch krut 1885 hir éischt Uergel vun der Firma Stahlhuth vun Oochen. Den 3. Juli 1932 gouf déi zweet Uergel ageweit, déi vun der Uergelmanufaktur Georg Haupt gebaut gouf. Dës Uergel gouf 1964 komplett ëmgebaut, awer net zum Besseren, soudatt 1977 eng nei Uergel vun der Firma Westenfelder vu Lëntgen agebaut gouf, déi haut nach hiren Déngscht mécht. Hir Dispositioun ass di follgend:

I Réckpostiv C–c4
1.Suavial8′
2.Gedackt8′
3.Principal4′
4.Rohrpommer4′
5.Nasat2 2/3′
6.Octav2′
7.Terz1 3/5′
8.Quinte1 1/3′
9.Oktävlein1'
10.Scharf IV1'
11.Rankett16'
12.Krummhorn8'
13.Schalmey4'
Tremulant
II Haaptwierk C–c4
14. Gedackt 16′
15. Principal 8′
16. Rohrgedeckt 8′
17. Holzflöte 8′
18. Prestant 4'
19. Koppelflöte 4′
20. Quinte 5 1/3'
21. Terz 3 1/5′
22. Sesquialter 2fach
23. Oktave 2'
24. Mixtur V 2'
25. Cimbel III 2/3′
26. Trompete 8′
27. Clairon 4′
Tremulant
III Schwellwierk C–c4
28. Quintade 16′
29. Gambe 8′
30. Grobgedackt 8′
31. Traversflöte 8′
32. Schwebung 8′
33. Principal 4'
34. Blockflöte 4'
35. Rohrnasat 2 2/3′
36. Nachthorn 2'
37. Terz 1 3/5'
38. Septime 1 1/7'
39. Rauchmixtur IV 2'
40. Terzcymbel 2/3′
41. Trompete 8'
42. Clairon 4'
43. Oboe 8'
44. Vox Humana 8′
Tremulant
IV Bombardewierk C–c4
45. Trompete 16′
46. Spanische Trompete 8′
47. Spanische Trompete 4′
48. Cornett V
Tremulant
Pedall C–g1
49. Principal 16′
50. Subbass 16′
51. Baßzink II 10 2/3' + 6 2/5'
52. Oktave 8'
53. Gemshorn 8′
54. Bordun 8′
55. Flöte 4'
56. Rohrpfeife 2'
57. Hintersatz V 4′
58. Bombarde 16'
59. Trompete 8'
60. Clairon 4'
Tremulant
  • Koppelen:
    • I/II, III/I, III/II, IV/II, I/P, II/P, III/P, IV/P.
  • Spillhëllefen:
    • 4000 digital Setzerkombinatiounen, 6 fest Kombinatiounen, Regësterschweller, Jalousieschweller III, Zongenofsteller eenzel a generell, Mixturofsteller, Koppelofsteller
  • Traktur:
    • Mechanesch Spilltraktur
    • Elektresch Regëstertraktur

D'Klacke vun der Jousefskierch lauden an der Dispositioun fa dièse mi re an do, och fis' e' d' c0 genannt.

Gediechtneskapell fir d'Affer vum 2. Weltkrich

[änneren | Quelltext änneren]

Am November 1947 gouf eng nei Säitekapell ageweit, fir den Affer vum Zweete Weltkrich aus der Par ze gedenken.

Kuriositéiten

[änneren | Quelltext änneren]
  • Un der Fassad vum Säiteschëff a westlecher Richtung steet de Schrëftzuch: EGO SUM RESURRECTIO ET VITA (Ech sinn d'Opersteiung an d'Liewen). Dorënner fënnt een de Lëtzebuerger Léiw an d'Muttergottes mam Jesuskand, béides a Wopeform duergestallt.
  • Schnell Kunstführer Nr. 2517 (Michel Schmitt): Pfarr- und Dekanatskirche St. Joseph Esch-sur-Alzette, 1. Oplo, 2002, St. Paulus Druckerei, 24 S., ISBN 3-7954-6430-7
Commons: Jousefskierch Esch-Uelzecht – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).