Op den Inhalt sprangen

Jousefskierch vun Alzeng

Vu Wikipedia
Kierch vun Alzeng
Den Agank vun der Alzenger Kierch

Den Agank vun der Alzenger Kierch
Den Agank vun der Alzenger Kierch
Uertschaft / PlazAlzeng
Par Hesper–Réiser–Weiler
Disciples d'Emmaüs
Dekanat Süden-Ost
Numm / Patréiner Hl. Jousef
Koordinaten 49° 34’ 06.8’’ N
      06° 09’ 40.9’’ O
Kierchen - Kapellen
D'Kierch vun der Haaptstrooss aus gesinn

D'Jousefskierch vun Alzeng ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Hesper–Réiser–Weiler Disciples d'Emmaüs, zum Dekanat Süden-Ost an zu der Gemeng Hesper gehéiert.

De Patréiner ass den hellege Jousef, den Handwierker.

Si steet op der Kräizung vum CR154 (rue de Syren) mat der N3 (route de Thionville).

Den eelsten Deel vun der haiteger Kierch, den Tuerm, staamt warscheinlech aus dem 14. Joerhonnert.

Am Joer 1755 war et néideg ginn, dat mëttelalterlecht Schëff, dat a schlechtem Zoustand war, z'ersetzen. Deen Deel deen du gebaut ginn ass bilt den haitege Chouer.

1884 ass en neit Schëff ugebaut ginn, wouduerch d'Kierch hiert haitegt Ausgesi kritt huet.

2001 ass d'Kierch zesumme mam ganze Quartier ronderëm restauréiert ginn.

Am November 1956 gouf déi éischt Uergel an der Alzenger Kierch ageweit. Et war eng Serienuergel vun der Uergelmanufaktur Georges Haupt vu Lëntgen.

Se war awer geschwënn net méi befriddegend an dofir ass eng nei Uergel bei de Bridder Oberlinger vu Windesheim bei Bad Kreuznach bestallt ginn, déi 1979 a Betrib geholl gouf. Déi Uergel ass bis haut onverännert erhale bliwwen.[1]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Uergel an der Kierch vun Alzeng.

D'Klacke vun der Alzenger Kierch lauden ënnert der Dispositioun h' a fis', och Sibémol, La, Fa Dièse genannt.

 Commons: Jousefskierch vun Alzeng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Alzingen, Alzeng. www.orgues.lu. Gekuckt de 07.11.2025.