Jousefskierch zu Boufer
| ||||
|---|---|---|---|---|
| Uertschaft / Plaz | Boufer | |||
| Par | Par Miersch Saint-François | |||
| Dekanat | Zentrum | |||
| Numm / Patréiner | Hl. Jousef | |||
| Koordinaten | 49° 41’ 22.1’’ N 06° 08’ 27.2’’ O | |||
| Kierchen - Kapellen | ||||
D'Jousefskierch zu Boufer ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Miersch Saint-François, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Luerenzweiler gehéiert. Si steet op der Haaptstrooss, offiziell d'N7 (route de Luxembourg).
Si gouf de 15. Januar 2025 als National Kulturierfschaft klasséiert[1].
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]1886 ass mat dem Bau vun dëser klenger Kierch ugefaange ginn. De Grondstee gouf wärend der Kiermes vu Luerenzweiler geluecht. Den 20. Juni 1887 gouf d'Boufer Kierch, eng Filial vun där vu Luerenzweiler, ageweit. D'Initiative goung op d'Pescatoren zeréck, déi och den Terrain gestëft hunn. D'Kierch gouf vum Architekt Pierre Kemp am neigotesche Stil geplangt a vun de Bridder Kintzelé vu Luerenzweiler gebaut. Si ass dem hellege Jousef geweit, deem säi Fest den 19. Mäerz gefeiert gëtt.
Zur fréierer Par Luerenzweiler hunn ausser der Filialkierch vu Boufer och nach d'Parkierch vu Luerenzweiler an d'Filialkierch vun Hënsdref gehéiert.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Jousefskierch zu Boufer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Parverband Miersch
- D'Fënstere vun der Kierch vu Boufer op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Kierch Boufer an der Facebookgrupp Patrimoine religieux Luxembourg - Reliéisen Ierwen Lëtzebuerg [sic]
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 18. November 2025).
