Juan Domingo de Zuñiga y Fonseca

Vu Wikipedia
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Juan Domingo de Zuñiga y Fonseca
Gebuer 25. November 1640
Madrid
Gestuerwen 2. Februar 1716
Madrid
Nationalitéit Spuenien
Aktivitéit Politiker, Militär

De Juan Domingo de Zuñiga y Fonseca, Grof vu Monterrey a vu Fuentes, gebuer als Juan Domingo Méndez de Haro y Sotomayor de 25. November 1640 zu Madrid a gestuerwen och do den 2. Februar 1716, war e spueneschen Adlegen an Offizéier.

Hie war tëscht 1670 a 1675 Generalgouverneur vun de Spueneschen Nidderlanden. 1671 war hien an der Stad Lëtzebuerg. Hien huet d'Festung Lëtzebuerg ausbaue gelooss. ë. a. huet hien och d'Stadmauer vun Esch-Uelzecht ofrappe gelooss. Zu Bréissel hat en de Fort de Monterey baue gelooss.

1677 gouf en zum Vizekinnek vu Katalounien ernannt.

D'Monterey-Avenue an der Stad Lëtzebuerg ass no him genannt ginn.