Juan Manuel Santos
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
De Juan Manuel Santos Calderón, gebuer den 10. August 1951 zu Bogotá, ass e kolumbianesche Geschäftsmann, Politiker a fréiere Verdeedegungsminister vu sengem Land. 2010 gouf hien zum President vu Kolumbien gewielt an 2014 a sengem Amt confirméiert.
Scho säi Groussmonni, den Eduardo Santos, war vun 1938 bis 1942 President vu Kolumbien. Säi Papp, den Enrique Santos, war iwwer 50 Joer Zeitungsediteur, a säi Koseng, de Francisco Santos war Vizepresident vu sengem Virgänger, dem Álvaro Uribe.
2016 krut hien de Friddensnobelpräis als Unerkennung fir seng Beméiungen, de jorzéngtelaange Biergerkrich a sengem Land op en Enn ze bréngen.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
| Commons: Juan Manuel Santos – Biller, Videoen oder Audiodateien |