Op den Inhalt sprangen

Juegd zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia

D'Juegd zu Lëtzebuerg ass duerch d'Juegdgesetz vum 25. Mee 2011 gereegelt.

Wann een zu Lëtzebuerg wëll op d'Juegd goen, da muss een e Juegdschäin an e Juegdwaffeschäin hunn fir déi Waffe mat deenen ee jeet, an et muss e Piechter vun engem Juegdlous sinn, oder vun engem Piechter d'Erlaabnes kritt hunn, fir op sengem Lous ze joen.

Zu Lëtzebuerg gëtt et eng 2.300 Leit, déi e Juegdschäin hunn (Stand 2022)[1].

Wou däerf gejot ginn

[änneren | Quelltext änneren]

Et däerf op al net bebauten Terraine gejot ginn. Ausname si Wëldgatteren, Gäert, déi bei permanent bewunnte Gebaier leien, Geméisgäert, Parken, Sportsinfrastrukturen, Nationalstroossen, Chemin reprisen an d'Eisebunnsgleiser. D'Juegdgéigner kennen d'Juegd op hiren zeréckgezunnenen Terraine verbidden.

Geographesch Glidderung

[änneren | Quelltext änneren]

De ganzen Territoire vu Lëtzebuerg ass a Juegdlousen opgedeelt, deenen hir Grenzen duerch e Groussherzoglecht Reglement festgesat ginn. D'Juegdgesetz vum 25. Mee 2011 hat fir 2021 eng Neiverdeelung vun den deemools 600 Louse virgesinn, déi du vum 1. Abrëll 2021 un applizéiert gouf.[2] Zanterhier gëtt et 621 Lousen, déi alleguer eng Minimalgréisst vun 300 Hektar hunn an deenen hir Grenze liicht erëmzefanne sinn an och juegdlechen an ekologesche Krittären entspriechen.

Um Geoportal.lu[3] kann ee sech d'Grenzen uweise loossen.

All Lous gëtt vun engem Juegdsyndikat geréiert.

Wat däerf gejot ginn

[änneren | Quelltext änneren]

D'Annexe vum Juegdgesetz zielt Déieren op déi däerfe gejot ginn.

  • Grousswëld

Hirsch, Réi, Wëllschwäin, Dammhirsch, Muffel

Fir d'Grousswëld gëtt pro Juegdlous e Bejoungsplang vum Ëmweltministère festgeluecht. All Ofschoss vun engem Hirsch männlech, weiblech oder Kallef, engem Dammhirsch, männlech, weiblech oder Kallef, oder engem Muffel muss bannent 12 Stonne béi der Natur- a Bëschverwaltung gemellt ginn. Et däerf een och nëmme souvill Grousswëld schéissen, wéi ee Wëldmarken huet.

  • Klengwëld a Wasserwëld

Hues, Fasan, Wëll Int

  • Anert Wëld

Grouss Bëschdauf, Wëllkanéngchen, Steemarder, Fuuss

  • Aner ageféiert an net eenheemesch wëldänlech Déieren (Neozoen)

Wäschbier, Marderhond, Bisamrat, Amerikaneschen Näerz, Biberrat

All Ofschoss vun engem Marderhond, engem Amerikaneschen Näerz oder enger Biberrat muss bannent 12 Stonne bei der Natur- a Bëschverwaltung gemellt ginn.

D'Nilgäns an den Dachs zum Beispill ginn net ernimmt, sou datt déi scho vum Gesetz aus tabu fir d'Jeeër sinn.

Et ass och verbueden als Wëld klasséiert Déieren auszesetzen, ze fidderen oder gefaangen ze halen.

Wéini däerf gejot ginn

[änneren | Quelltext änneren]

Ee Groussherzoglecht Reglement [4] setzt déi genee Zäite fest wéini wéi e Wëld wéi däerf gejot ginn. De Fuuss an de Steemarder stinn net am Reglement sou dat Juegd op si dat ganzt Joer iwwer zou ass.[5]

Et duerf nëmmen den Dag iwwer gejot ginn, an zwar vun enger Stonn virun Sonnenopgank un, bis eng Stonn no Sonnenënnergank.

Wéi däerf gejot ginn

[änneren | Quelltext änneren]
Warnschëld virun enger Klappjuegd

De Jeeër däerf usetzen a pirschen oder lackelen a Klappjuegte maachen.

D'Falestellerei an d'Baujuegd si verbueden.

D'Wëld duerf just mat Flënten a Béchsen geschoss ginn. Déi kënne mat engem Zilfernrouer, engem Reschtlichtverstäerker oder änlechem ekipéiert sinn[4]. D'Béchsen däerfen och mat engem Schalldämpfer ekipéiert sinn[6]. Hallefautomatesch Béchsen sinn erlaabt wann an d'Kummer an an de Chargeur zesumme maximal dräi Patrone passen. All automatesch Waffen oder Krichswaffen, Pistoulen a Revolveren si verbueden. Béi oder Gräifvullen däerfen net agesat ginn.

D'Flënte mat engem glate Laf mussen e Minimalkaliber vun 20 a en Maximalkaliber vun 12 hunn. D'Béchse mat gedréitem Laf mussen e Minimalkaliber vu .22 hunn, wat 5,58 mm entsprécht.

Beim Grousswëld ass de Kugelschoss obligatoresch. Fir d'Réi muss d'Kugel aus dem gedréite Laf op d'mannst 980 Joule Optreffenergie no 100 Meter behalen. Vir dat anert Grousswëld muss d'Kugel aus dem gedréite Laf ee Mindestkaliber vu .257 hunn, wat 6,5 mm entsprécht, an eng Optreffenergie no 100 Meter vun op d'mannst 2.200 Joule behalen. Eenzeg Ausnam: op der Klappjuegd kann d'Grousswëld och mat engem Flëntelafprojektil (Brenneke) geschoss ginn. Vollmantelgeschosser si verbueden.

Klengwëld a Wasserwëld däerf nëmme mat Schrout geschoss ginn an d'Schroutbëmmelcher däerfen nëmmen e Maximalduerchmiesser vun 3,5 mm hunn. Fir dat anert Wëld an Neozoen däerf de Schrout nëmmen e Maximalduerchmiesser vu 4 mm hunn oder et muss ee Kugelmunition mat engem Minimalkaliber vu .22 gebrauchen.

Wann ee bläihaltige Schrout schéisst, da muss een op d'mannst 30 m vu Suppen, Séien, Weieren, Waasserbehälteren, Flëss oder Kanäl ewechbleiwen.

D'Juegdhënn däerfe fräi lafen.[4] Op de Klappjuegten däerfe just déi Hënn agesat ginn, déi haart joen. Maachen si dat net mussen se eng Schell ugedoe kréien.[7] Si däerfen och iwwer déi Terraine lafen wou d'Juegd verbueden ass, ausser de Jeeër huet se express dohinner gedriwwen.

De Jeeër huet d'Flicht eng Nosich no blesséiertem Wëld ze maachen. Dofir muss de Piechter e Schweesshond zur Verfügung hunn respektiv engem Spezialist Bescheed soen, deen dann d'Nosich mécht. Déi Sich kann iwwerall gemaach ginn, och op den Terraine wou d'Juegd verbueden ass. Wann d'Persoun déi d'Sich mécht arméiert ass, da muss s'e gëltege Juegdschäin hunn.

Well dat geschossent Wëld als Liewensmëtttel ka gebraucht ginn, sinn och eng ganz Rei Hygiènesmoossnamen anzehalen.[8]

Virum Schoss muss gekuckt ginn op d'Déier sech aartgerecht behëlt, op séi Pelz normal fir d'Saison ass, op et normal geet oder leeft, op et am Ruddel ass wéi et soll oder anormal eleng dorëmmer geeschtert... Nom Schoss ass ze iwwerpréiwen op et keng aner Verletzungen huet wéi de Schoss, op et normal ernäert ass, op seng Kierperëffnungen propper sinn...

D'Wëld soll direkt opgebrach ginn fir ze verhënneren datt d'Bakterien, déi am Verdauungsapparat sinn, de Rescht vum Kierper kontaminéieren, well d'Barriär déi dat verhënnert am doudegen Déier lues a lues duerchlässeg gëtt. Dobäi muss de Mo an d'Geträips op Anomalien ënnersicht ginn.

Wa bis elo alles normal ass an e “Chasseur formé” [9] huet d'Longen, d'Häerz, d'Liewer, d'Nieren, d'Mëlz an d'Geschlechtsorganer fir normal befonnt, da kann d'Carcasse ouni déi bannenzeg Organer an e “Centre de Collecte” transportéiert ginn. Wann iergendeng Anomalie opgefall ass oder kee “Chasseur formé” d'Organer gekuckt huet, da mussen déi mat der Carcasse ofgeliwwert ginn. Am “Centre de collecte” gëtt d'Carcasse vun engem Veterinär ënnersicht an da verworf oder gestempelt.

Fir d'Wëllschwäin ass d'Kontroll op Trichinen nach obligatoresch. Dofir muss den Jeeër 20 bis 50 Gramm vum Muskel vum Zwerchfell oder vum viischte Been an den Veterinairs Laboratoire schécken, an d'Schwäin däerf eréischt no engem negative Resultat viru verschafft ginn.

Grousswëld muss spéitstens no 12 Stonnen ënnert 7 Grad ofgekillt ginn. Dat anert Wëld muss net onbedéngt opgebrach ginn, mee muss spéitstens no 12 Stonnen ënnert 4 Grad gekillt ginn[10]. D'Carcassë musse sou propper wéi méiglech transportéiert ginn an däerfen net einfach openee getässelt ginn, mussen awer net an engem Killwon gefouert ginn wann et kal genuch dobaussen ass.

D'Opbréch vun den Déiere sollen an enger vun den 10 Sammelplazen uechtert d'Land ofgeliwwert ginn.

D'Jeeër kënnen och kleng Quantitéite Wëld selwer verschaffen, privat verkafen oder verschenken. Dobäi ass ze bemierken, dat beim Wëllschwäin ëmmer d'Trichinenanalys muss gemaach ginn.

Dat geschossent Grousswëld muss mat enger Wëldmark gezeechent ginn, déi bis zum Zerleeë vun der Carcasse dru bléiwe muss.

D'Formatioun fir de “Chasseur formé” gëtt am Kader vum Juegdexamen ugebueden a mat engem Certificat vun der Administration des services vétérinaires bescheinegt.

De Besëtz, den Akaf, de Verkaf, d'Ubidden an den Transport vu Wëld

[änneren | Quelltext änneren]

De Besëtz, den Akaf, de Verkaf, d'Ubidden an den Transport vu Wëld si vum éischten Dag wou d'Juegd opgeet bis den 11. Dag no der Clôture erlaabt. Duerno ass et nach just mat enger Erlabnes vum Minister legal, et sief datt ee kann noweisen datt d'Wëld aus enger Géigend staamt wou d'Juegd nach op ass.

Fir agefruerent Wëld brauch ee keng Erlabnes vum Minister.

An de Jore virun 2015 goufen an der Moyenne pro Joer eng 6.000 Réi an eng 5.000 Wëllschwäin geschoss, weiderhin ronn 900 Wëll Inten, 700 Huesen, 600 Grouss Bëschdauwen, 320 Hirschen, 100 Damhirschen, 100 Mufflonen a manner wéi 100 Wëllkanéngercher. Fiiss goufen der pro Joer eng 3.500 geschoss; d'Juegd op de Fuuss gouf awer fir d'Juegdjoer 2015/16 verbueden, wat zu deels heftege Reaktioune bei de Jeeër gefouert huet[11].

Juegdorganisatiounen

[änneren | Quelltext änneren]

D'Jeeër feieren hire Patréiner, den hellegen Hubertus, den 3. November. Op Haupeschdag ginn dann och dacks Juegten organiséiert, mä normalerweis ass dann ëmmer eng Mass virdrun, wou d'Jeeër aus der ganzer Géigend sech zesummefannen.

  • Modert, Paul, 1972-1974. Histoire de la chasse au Luxembourg. Esch-sur-Alzette, Impr. coopérative luxembourgeoise. 2 vol. (171, 177 p.)
  • Ries, C., 1975: Die Jagdpreise in Luxemburg (Eine Teilanalyse der Verpachtungen von 1966 und 1975) Teil I. Luxemburger Wort 7.11.1975:8. Teil II. Luxemburger Wort 11.11.1975:7. Luxembourg.
  • Schloesser, Gaston, 1976. Le bien-fondé de la chasse au Grand-Duché de Luxembourg. In: Juegd an Naturschutz. [Redaktiounscomité: Charles Bechet, Marc Bley, Rosi Bley-Bouschet, Théid Faber, Pol Rassel, Jang Weis]. Lëtzebuerg: Jeunes et environnement. P. 24-25, ill.
Commons: Juegd zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Bulletin technique de l'administration de la nature et des forêts en matière de gestion de la faune sauvage et de chasse - numéro 9
  2. Groussherzoglecht Reglement vum 8. November 2019 iwwer d'Grenze vun de Juegdlousen
  3. Geoportal.lu
  4. 4,0 4,1 4,2 Groussherzoglecht Reglement vum 12. März 2024
  5. ANF Tableau synoptique de l'ouverture de la chasse
  6. Groussherzoglecht Reglement vum 5. Dezember 2017
  7. [1] Groussherzoglecht Reglement vum 12. März 2024]
  8. Landwirtschafts portal Wild Archivéiert de(n) 13.01.2023. Gekuckt de(n) 13.01.2023.
  9. Règlement (CE) N°853/2004 (EG) Sektioun IV Kapitel I
  10. Annexe III vum Groussherzoglecht Reglement vum 4. Februar 1994
  11. Sandra Cellina: "Von Füchsen, Hasen und Rehen: Jagd in Luxemburg." in: forum Nr.350, Abrëll 2015, S.10-11.