A Pëtzen

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Jugendherberg Buerglënster)
A Pëtzen
A Pëtzen
Adress 2 rue de Gondernage
Koordinaten 49° 42’ 08’’ N 06° 13’ 10’’ E
Baustil traditionell
Statut Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter (INPA)
Datum vum Bau Enn 17. Joerhonnert
Proprietär Lëtzebuerger Staat

D'Haus A Pëtzen ass e Gebai aus dem 17. Joerhonnert zu Buerglënster dat de 5. Oktober 2001 als nationaalt Monument klasséiert gouf.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

1952 gouf am Haus eng Jugendherberg, d'Auberge de jeunesse Bourglinster, mat 12 Zëmmer, respektiv Dortoiren, amenagéiert, déi zum Reseau vun der lëtzebuergesche Jugendherberge gehéiert huet. Enn 2017 huet se hir Dieren definitiv zougemaach, well se net méi de gefuerderte Standarden entsprach huet, an déi néideg Amenagementer wéinst der Lag an dem geschützte Status vum Haus schwéier bis onméiglech gewiescht wieren.[2]

2019-2020 gouf d'Gebai ëmgebaut, fir eng Wunnstruktur fir 8 Meedercher ze schafen, déi vum Geriicht placéiert ginn. Si gi vu 7 bis 8 Erzéier ronderëm d'Auer betreit.[3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. "D'Jugendherberg vu Buerglënster mécht hir Dieren zou." rtl.lu, 14.12.2017, 16:04:16.
  3. "E Jugendheem fir 8 Meedercher." rtl.lu, 16.07.2019 18:38.