Jugoslaweschen Dinar

De jugoslaweschen Dinar (Din) war vun 1920 bis 2003 déi offiziell Wärung vun Jugoslawien an duerno vu Serbien a Montenegro.
1 Dinar war an 100 Para ënnerdeelt.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]De jugoslaweschen Dinar gouf 1920 offiziell als Wärung agefouert. Den 1. Januar 1966 gouf de jugoslaweschen Dinar reforméiert, et goufen 2 Nulle gestrach; d.h. 100 „al Dinar“ gouf 1 „neien Dinar“.
Nom Zerfall vu Jugoslawien am Joer 2003, gouf de jugoslaweschen Dinar nëmmen nach an den Deelstaate Serbien a Montenegro bäibehalen. Do Montenegro am Joer 1999 d'Däitsch Mark als Parallelwärung agefouert hat, ass de jugoslaweschen Dinar ëmmer méi an den Hannergrond gerréckelt, a gouf am Joer 2000 allengeg Wärung am Montenegro.
Déi fréier Deelstaate vu Jugoslawien hunn als Nofollgerwärungen de Sloweeneschen Tolar an d'Kroatesch Kuna, virdrun de Kroateschen Dinar agefouert.
D'Republik Mazedonien huet sech scho bei enger Iwwergangsausgab vun der Nationalbank fir den Mazedoneschen Denar entscheed.
Bosnien an Herzegowina huet sech uganks fir de Bosneschen Dinar festgeluecht, deen awer duerch d'Inflatioun d'Konvertibel Mark ersat gouf.
Schlussendlech gouf de jugoslaweschen Dinar 2003 offiziell a Serbien mat dem Serbeschen Dinar an am Montenegro duerch den Euro ersat.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Commons: Jugoslaweschen Dinar – Biller, Videoen oder Audiodateien |