Op den Inhalt sprangen

Jules-André-Arthur Hansen

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jules-André-Arthur Hansen
Gebuer 7. Februar 1849
Gestuerwen 27. Mäerz 1931
Aktivitéit wëssenschaftlechen Illustrateur, Kartograph
Plang vun Esch-Uelzecht (1925)
Afrika

De Jules André Arthur Hansen, gebuer de 7. Februar 1849 zu Paräis, a gestuerwen de 27. Mäerz 1931,[1] war e franséische Kartograph.

Hie war zäitweileg gläichzäiteg attitréierte Kartograph vun der Société de géographie, offizielle Kartograph vum Franséische Kongo a Kartograph vum Ministère des Colonies. Seng Aarbechte gi vu Kaarten am Kontext vu Compte-renduen iwwer Exploratiounsmissiounen, Illustratioune vun Artikelen oder fir Konferenzen, pedagogeschem Material, prestigiéise Kaartebänn bis hin zu strateegesche Militäroperatiounen.[2]

Vun him ass och déi éischt topographesch Kaart vu Lëtzebuerg am Moossstaf 1:50.000, déi e vun 1883 u wärend 23 Joer um Terrain vermooss an ausgeschafft huet, an déi 1907 a 15 Béi erauskoum.[2] Do dernieft huet hien nach eng ganz Rëtsch Kaarten, déi op senge Vermiessungen opbauen, erausbruecht, wéi z. B. eng historesch Kaart vum Territoire vum fréieren Herzogtum Lëtzebuerg, eng Kaart vum Eisebunnsreseau,eng Distanze-Kaart vu Lëtzebuerg[3] oder e Plang vun Esch-Uelzecht (1925).[4]

Hie war och Editeur.[1]

 Commons: Jules-André-Arthur Hansen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 Fiche op manioc.org (nogekuckt: 29.11.2025.
  2. 1 2 Olivier Loiseaux: Jules Hansen (1849-1931) : Dessinateur-géographe. L’exploration de l’Afrique mise en cartes. CFC (N°210, Décembre 2011) p.137-148.
  3. Cartes des distances du grand-duché de Luxembourg... / dressée... par J. Hansen, ... 1937. gallica.bnf.fr.
  4. Esch et ses usines (Esch-sur-Alzette ; Grand-Duché de Luxembourg) : plan-guide dressé d'après les plans géométriques de la ville et des usines / par J. Hansen. Editions Kremer-Muller, 1925. gallica.bnf.fr.