Jules Wilhelm (Politiker)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Politiker Jules Wilhelm. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Jules Wilhelm.
Jules Wilhelm
Gebuer 23. September 1935
Keel
Gestuerwen 27. Mee 2020
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV

De Jules Wilhelm, gebuer den 23. September 1935 zu Keel a gestuerwen de 27. Mee 2020[1], war e lëtzebuergesche Lokalpolitiker.

Hie gouf bei de Gemengewale vun 1981 op der Lëscht vun der CSV an de Keeler Gemengerot gewielt, an den 1. Januar 1982 huet hie säi Mandat ugetrueden. Den 1. Januar 1994 gouf hie Schäffen ënner dem Buergermeeschter Fred Coullen an no deem sengem Doud ass hien den 1. Dezember 1997 Buergermeeschter ginn. Hie blouf bis den 1. Dezember 2005 am Amt.

Säin Nofollger war de John Lorent.

Hie war zanter 2012 Éierebuergermeeschter vun der Gemeng Keel.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • FH, 2012. Kayl/Tetingen: Zwei Lokalpolitiker gewürdigt: Nic. Plein und Jules Wihelm Ehrenbürgermeister. Tageblatt 2012, Nr. 59 (9. März), S. 21.
  • rsd., 2012. Anerkennung für Leistungen: zwei Ehrenbürgermeister für die Gemeinde Kayl. Luxemburger Wort 2012, Nr. 59 (9. März), S. 35.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce vun der Famill am Luxemburger Wort vum 4. Juni 2020, S. 45. — An der Doudesannonce vun der Gemeng Keel steet: "décédé le 28 mai 2020".