Op den Inhalt sprangen

Julian Holloway

Vu Wikipedia
Julian Holloway
Gebuertsnumm Julian Robert Stanley Holloway
Gebuer 24. Juni 1944
Watlington
Gestuerwen 16. Februar 2025
Bournemouth
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Royal Academy of Dramatic Art,
Harrow School
Aktivitéit Schauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller
Famill
Bestuet mat Zena Walker
Liewenspartner(in) Tessa Dahl
Papp Stanley Holloway
Kanner Sophie Dahl

Den Julian Robert Stanley Holloway, gebuer de 24. Juni 1944 zu Watlington, a gestuerwen de 16. Februar 2025 zu Bournemouth, war en englesche Synchronspriecher a Schauspiller.

Den Holloway ass als Bouf vum Schauspiller Stanley Holloway opgewuess an huet 1963 seng Schauspillausbildung op der Royal Academy of Dramatic Art ofgeschloss. Um Ufank vun den 1960er Joren hat hie seng éischt Film- an Tëleesrollen, woubäi säin Numm an den éischte Filmer net genannt gouf. Tëscht 1967 an 1976 huet hien an aacht Filmer vun der Carry-On-Filmrei matgespillt. Den Julian Holloway war als Gaaschtstar a ville Serië vertrueden. Hien huet nieft dem Sylvester McCoy an der Roll vum Siwenten Dokter am dräideelege Film Survival, wat déi lescht Episode vun der Science-Fiction-Serie Dr. Who waren, am Joer 1989 gespillt.

1970 huet hien als éischt mat senger Stëmm am Melodram Ryan's Daughter ageschwat, nodeems de Regisseur mat der Stëmm vum Christopher Jones net zefridde war.[1] 1974 huet hien den Horst Janson a senger Titelroll Captain Kronos synchroniséiert.[2] 1981 huet den Holloway de Film Loophole mam Albert Finnley an dém Martin Sheen produzéiert. Ausserdeem huet hien an de 1970-Joren zwéi Kuerzfilmer produzéiert. Hie war dono och op internationale Bünen ze gesinn.[3] Esou ass hien am Broadway am Musical My Fair Lady als dem Eliza säi Papp Alfred P. Doolittle opgetrueden; dës Roll hat säi Papp Stanley an der selweschter Verfilmung 1964 gespillt.

Ab Ufank vun den 1990er Joren war hien nëmme nach seele virun der Kamera ze gesinn, an huet doropshin eng zweet Karriär als Synchronspriecher gestart. Hien huet ë. a. an animéiert Serie wéi Wo ist Walter? an James Bond Jr. esouwéi d'Titelroll an Captain Zed and the Zee Zone agesprach. An der computeraniméierten DreamWorks-Familljeserie Father of the Pride war hien als Siegfried Fischbacher ze héieren, an tëscht 2010 an 2020 huet hien den Mandalorianer Almec a Star Wars: The Clone Wars. Vu Mëtt vun den 2000er Jahre huet den Holloway Computerspiller synchoniséiert, dorënner Star Wars: The Old Republic an Diablo III. Als Schauspiller an als Synchronspriecher war hien u méi ewéi 140 Produktioune bedeelegt.

Den Holloway hat 1976 eng kuerz Affär mat der Tessa Dahl, der Duechter vun der Patricia Neal an dem Roald Dahl.[2] Aus der Affär goung d'Schrëftstellerin Sophie Dahl ervir.[4] Hie war méi spéit mat de Schauspillerinnen Zena Walker[5] an der Debbie Wheeler bestuet, béid Bestietnesser goufe gescheed.[2]

 Commons: Julian Holloway – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Gene Phillips: Beyond the Epic: The Life and Films of David Lean, The University Press of Kentucky 2006, ISBN 978-0813124155
  2. 2,0 2,1 2,2 Howard Maxford: Hammer Complete: The Films, the Personnel, the Company, McFarland 2017, ISBN 978-1476670072
  3. Broadwayworld (englisch)
  4. Interview: Sophie Dahl, model and TV presenter, The Scotsman (englisch)
  5. Zena Walker Obituary The Telegraph (englisch)