Jupiterfamill

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

D'Jupiterfamill ass eng Grupp vu ronn 70 kuerzperiodesche Koméiten.

Déi Koméitefamill zeechent sech doduerch aus, datt hir Memberen de gréisste Sonnenofstand (Aphel) an der Géigend vun der Jupiterbunn erreechen. Méi genee ass déi mëttel Apheldistanz mat ongeféier 5,5 AE eppes méi grouss wéi déi vum Jupiter vun 5,45 AE. D'Ëmlafzäite leien tëscht 5 an 11 Joer. D'Gruppebildung berout op Bunnstéierungen duerch d'Gravitatioun vum Jupiter. Bekannt Familljemembere sinn d'Koméite Biela, 21P/Giacobini-Zinner, Holmes, Pons-Winnecke an Tschurjumow-Gerassimenko.

Gravitativ Stéierungen duerch Planéiten, besonnesch de Jupiter, kënne sech d'Ëmlafbunne vu Koméiten ënner Ëmstänn bedeitend veränneren. Eng systematesch Klassifikatioun vu Koméite baséiert dofir op dem Tisserandparameter, vergläichsweis dem Jupiter. An dësem Klassifikatiounsschema gëtt ee Koméit der Jupiterfamill zougerechent, wa säin Tisserandparameter tëscht zwee an dräi läit.

Och duerch d'Stéierunge vun anere masseräiche Planéite si Koméitefamilljen entstanen, déi allerdéngs däitlech méi kleng sinn, souwäit d'Zuele schonn als vollstänneg betruecht kënne ginn. Bekannt sinn d'Koméitefamillje vum Saturn (5 Koméiten), Uranus (3 Koméiten), Neptun (9 Koméiten) an och vum Zwergplanéit Pluto (5 Koméiten).

Net verwiessele soll een d'Jupiterfamill mat der Jupiter-Grupp, besser bekannt als Trojaner, eng Grupp vun Asteroide bei deenen déi mëttel Distanz zu der Sonn där vum Jupiter gläicht.