Juri-Gagarin-Kosmonautentrainingszentrum

Vu Wikipedia
Den Terrain vum Juri-Gagarin-Kosmonautentrainingszentrum

De Kosmonautentrainingszentrum „J. A. Gagarin“: Zentr Podgotowki Kosmonawtow imeni Ju. A. Gagarina) gouf den 11. Januar 1960 zu Swjosdny Gorodok baussenzeg vu Moskau opgemaach. Am Joer 1968 krut en zu Éiere vum éischte Mënsch am Weltraum, dem Kosmonaut Juri Gagarin, deem säin Numm.

Den Zentrum war bis 2009 dem russesche Verdeedegungsministerium ënnerstallt an zanterhier der Raumfaartagentur Roskosmos. E quartéiert als gréisste vun dräi russeschen Ariichtunge fir Kosmonauten méi wéi d'Hallschent vun alle russesche Raumfuerer.

Ariichtungen[änneren | Quelltext änneren]

Den Zentrum huet villsäiteg Ausbildungsméiglechkeeten fir Raumfuerer:

  • An der Haapthal vum Zentrum sti Repliquen an Originalgréisst vun alle wichtege Raumschëffer, déi an der fréierer Sowjetunioun entwéckelt goufen, vu Sojus bis Buran, vum TKS-Raumschëff iwwer d'Mir bis zu der ISS.
  • Et gëtt e Waasserbaseng fir d'Simulatioun vu Schwéierlosegkeet beim Training vu Baussebordasätz (EVA). 1980 gouf e mat engem méi groussen Hydrolaboratoire ersat, dee bis zu 20 Tonne schwéier Raumstatiounsmodulen ophuele kann. De Baseng huet eng Déift vun 12 Meter, en Duerchmiesser vun 23 Meter an e Volume vu 5.000 Kubikmeter.
  • Fir d'Simulatioun vun der Schwéierlosegkeet ginn ausserdeem Fligeren agesat, haaptsächlech Mig-15 UTI, Tupolew Tu-104 a spéider och d'Iljuschin Il-76 MDK mat engem bannenzege Raum vu 400 Kubikmeter.
  • D'G-Kraaft déi wärend de Rakéitestarten entsteet, gëtt mat zwou Zentrifugen, der grousser TsF-18 an enger klenger TsF-7, simuléiert.
  • Aus der DDR staamt e Planetarium, dee bis zu 9.000 Stäre projezéiere kann.
de Juri Lontschakow

Direkteren[änneren | Quelltext änneren]

D'Direktere vum Trainingszentrum ware bis elo:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Juri-Gagarin-Kosmonautentrainingszentrum – Biller, Videoen oder Audiodateien