Juri Michailowitsch Baturin

Vu Wikipedia
Juri Michailowitsch Baturin
Gebuer 12. Juni 1949
Moskau
Nationalitéit Russland, Sowjetunioun
Aktivitéit Astronaut, Diplomat, Universitéitsprofesser, Journalist, Politiker

De Juri Michailowitsch Baturin, gebuer den 12. Juni 1949 zu Moskau, Russland, ass e russesche Kosmonaut. Hie war Sojus-Kosmonaut beim Weltraumfluch vum éischte Weltraumtourist Dennis Tito.

De Baturin war och deen éischte russesche Politiker, deen an de Weltraum geflunn ass. Als Beroder vum russesche President Boris Jelzin fir d'national Sécherheet, konnt hien ee Fluch als Gaascht op d'Raumstatioun Mir maachen.

Hien ass als Fuerschungskosmonaut mat der Missioun Sojus TM-28 op d'Raumstatioun Mir geflunn.

No dësem Fluch huet hie seng politesch Ämter opginn an huet de vollstännege Kosmonautentraining absolvéiert, wat et him erméiglecht huet, als Fluchingenieur op Sojus-Raumschëffer agesat ze ginn. Hien ass zanter 2000 en ziville Member vum Kosmonautekontingent vun der russescher Loftwaff.

Den 28. Abrëll 2001 ass hien u Bord vun engem Sojus-Raumschëff mam Fluch Sojus TM-32 op d'ISS gestart. Zwéin Deeg méi spéit, den 30. Abrëll, huet d'Raumschëff um 7:59 Auer UTC un der Statioun ugedockt. Op där Missioun huet hien als Fluchingenieur geschafft.

Seng Aktivitéit als Kosmonaut huet hien den 31. Mee 2009 opginn. Hie war am Ganzen 19 Deeg 17 Stonnen a 45 Minutten am Weltraum.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]