Juristesch Perséinlechkeet

Vu Wikipedia
Dësen Droitsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkreete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen!

Juristesch Perséinlechkeet (oder Rechtsperséinlechkeet) ass e Begrëff aus dem Droit dee sech op d'Fäegkeet bezitt, fir kënne Besëtzer vu Rechter a Flichten ze sinn. Et ass aus positivistescher Siicht eng juristesch Fiktioun, déi den natierleche Persounen (Mënschen) a juristesche Persounen (déi meescht Gesellschaften, ASBLen, Staat, Gemengen, asw.) zougeschriwwe gëtt.

Natierlech a juristesch Persounen hunn eng Rei Gemeinsamkeeten: Gebuert an Doud (z. B. Grënnungsdatum an Opléisung vun enger Entreprise), eegen Identitéit (Numm an Adress) grad ewéi Rechter a Flichten (haaptsächlech d'Recht fir Kontrakter ofzeschléissen an d'Flicht fir Steieren ze bezuelen).

De Begrëff vun der juristescher Perséinlechkeet huet sech am Laf vun der Geschicht verännert. Déi gréisst Verännerunge waren d'Verallgemengerung vun der voller Rechtsperséinlechkeet op all d'Mënschen[1] (absënns d'Enn vun der Sklaverei an dem zivillen Doud) an d'Schafe vu spezifeschen, gesetzlech unerkannte Gruppéierungen (haaptsächlech: Gesellschaftsformen).

Ufank an Enn[änneren | Quelltext änneren]

Ufank[änneren | Quelltext änneren]

D'Rechtsperséinlechkeet fänkt fir eng natierlech Persoun mat der Gebuert un.

Eng moralesch Persoune kritt d'juristesch Perséinlechkeet dee Moment wou:

Enn[änneren | Quelltext änneren]

Fir eng natierlech Persoun hält d'Rechtsperséinlechkeet mam Doud oder der Absence op.

Bei de juristesche Persounen ass et:

  • bei der Opléisung (um Terme vun der Gesellschaft oder duerch positiven Akt);
  • bei der Liquidatioun (fräiwëlleg oder geriichtlech).

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Artikel 1 vun der Mënscherechtsdeklaratioun: „All Mënsch kënnt fräi a mat där selwechter Dignitéit an deene selwechte Rechter op d'Welt. Jiddereen huet säi Verstand a säi Gewësse krut a soll an engem Geescht vu Bridderlechkeet deenen anere géintiwwer handelen.“