Justin Trudeau

Vu Wikipedia
Justin Trudeau
Gebuertsnumm Justin Pierre James Trudeau
Gebuer 25. Dezember 1971
Ottawa
Nationalitéit Kanada
Aktivitéit Politiker, Minister, Affekot, Jurist

Den Justin Pierre James Trudeau, gebuer de 25. Dezember 1971 zu Ottawa, ass e kanadesche Politiker an zënter dem 4. November 2015 Premierminister vun do.

Den Justin Trudeau ass de Jong vum fréiere Premierminister Pierre Trudeau a senger deemoleger Fra Margaret, gebuer Sinclair. Ier en an d'Politik goung, huet hien zu Vancouver Sciences sociales a Franséisch a Lycéeën enseignéiert. Vun 2002 bis 2003 huet hie fir Ingenieur studéiert an 2005 bis 2006 Ëmweltgeographie.

Zënter 2008 ass hien Deputéierten an der Ënneschter Chamber vum kanadesche federale Parlament. Hie gouf de 14. Abrëll 2013 zum President vun der Liberaler Partei vu Kanada gewielt.

Bei de Parlamentswalen, am Oktober 2015, hunn déi Liberal mat him un der Spëtz eng kloer Victoire verzeechent. De 4. November gouf hien als neie Premierminister vereedegt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Justin Trudeau – Biller, Videoen oder Audiodateien