Justizkräiz (Wolz)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Geographesch Koordinaten:

D'Justizkräiz; Säit mam Bommenzinnes.

D' Justizkräiz zu Wolz ass e Justizkräiz, dat zu Wolz an der Groussgaass, no beim Stadhaus, steet. Et ass 5 m héich a gouf 1502 duerch de Gérard V. vu Wolz a seng Fra, d'Elisabeth vu Buerschent, opriichte gelooss. Et symboliséiert d'Justiz-, Fräiheets- a Maartrecht, dat Wolz zanter dem 13. Joerhonnert hat.[1]

Drop ze gesinn sinn d'Wope vun de Famille vu Wolz, Buerschent, Bettstein a Bellenhausen. Am 16. Joerhonnert gouf eng Muttergottesstatu op der nordëstlecher Säit dru gesat, a géint 1750-1770, nodeem Wolz vun engem Feier 1748 zerstéiert gi war, op der südwestlecher Säit eng Statu vum Bommenzinnes, déi de Wëlzer Sculpteur Nicolas Jacques gemaach huet.

An der Zäit vun der Franséischer Revolutioun an am Zweete Weltkrich gouf d'Geriichtskräiz beschiedegt, an duerno all Kéier nees restauréiert.

Als eenzegt Original-Justizkräiz am Lëtzebuerger Land gouf et de 15. Februar 1937 als nationaalt Monument klasséiert.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Justice cross Wiltz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: Informatiounsplack beim Kräiz (Sentier culturel, no. 3).
  2. Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste consultative des immeubles et objets protégés par l'État: Communes de S à W. (Lescht Versioun vum 2. Abrëll 2019).