Jyllands-Posten

Vu Wikipedia

Jyllands-Posten (kuerz JP) ass déi dänesch Dageszeitung mat der gréisster Oplo (ronn 150.000 Stéck ënner der Woch). Si gëllt als rietsliberal.

Jyllands-Posten gouf den 2. Oktober 1871 gegrënnt. Hire Sëtz huet se zu Viby J, engem Faubourg vun Aarhus. 2003 koum et zu enger grousser Verlagsfusioun an Dänemark, sou datt JP zanterhier der JP/Politikens Hus A/S ënnersteet, mä als redaktionell eegestänneg Zeitung weiderfunktionnéiert. Den Editeur ass de Carsten Juste.

Kontrovers 2005[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt heizou och: Mohammed-Karikature vu Jyllands-Posten.

Jyllands-Posten vum 30/09/05

Nodeem datt den dänesche Jugendbuchautor Kore Bluitgen sech beklot hat, datt keen Zeechner wéilt säin neitst Kannerbuch iwwer d'Liewe vum islamesche Prophéit Mohammed illustréieren, aus Angscht se kéinte grad sou vun islamesche Fanatiker ëmbruecht gi wéi den hollännesche Filmmécher Theo van Gogh, huet Jyllands-Posten dee Fall opgegraff. D'Zeitung huet bei der Vereenegung vun den däneschen Zeitungskarikaturisten nogefrot, op da wierklech kee vun hire Memberen de Mohammed zeechne wéilt.

Eraus koumen zwielef satiresch Zeechnungen zum Theema, déi Jyllands-Posten den 30. September 2005 verëffentlecht huet fir domat oppen d'Selbstzensur vun de Medien unzeprangeren. D'Äntwert vun de Muselmanen, där hir Relioun Biller vu Mënsche verbitt, huet net laang op sech waarde gelooss, éischt Muerddreeunge si beim Blat agaangen, 3000 Mohammedaner sinn an Dänemark op d'Strooss gaangen, am Kaschmir gouf gestreikt, Protesterklärunge koume vum tierkesche Premier Erdogan, vun der Organisatioun vun der Islamescher Konferenz a vun der Arabescher Liga, Libyen a Saudiarabien hunn hir Ambassadeuren zeréckgeruff. Jyllands-Posten berifft sech an enger Stellungnam op d'europäesch Gesetzgebung, déi Gottseidank d'Press- a Meenungsfräiheet garantéiert, a gesteet am Numm vun deene Fräiheeten dem islamesche Fundamentalismus net d'Recht zou, den däneschen Zeitungen ze diktéiere wat se nach drécken däerfen a wat net.

Wéi eng norwegesch Zeitung déi selwecht satiresch Zeechnungen am Januar 2006 nogedréckt huet, hunn eng Abberzuel vun islamesche Staaten den Totalboykott vun däneschen an norwegesche Produkter duerchgesat an d'Situatioun an der arabescher Welt ass komplett eskaléiert wéi déi palestinensesch Al-Aksa-Brigaden den EU-Büro an der Gazasträif mat Handgranaten a Panzerfäischt gestiermt hunn. D'EU dreet mëttlerweil Saudiarabien mat Sanktiounen, sollt och hir Regierung de Boykott ënnerstëtzen. Fir all déi aner Staaten (dorënner d'Walgewënner Hamas a Palestina) goufen awer nach keng Sanktiounen an Aussiicht gestallt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]