Jørn Utzon

Vu Wikipedia
Jørn Utzon
Gebuer 9. Abrëll 1918
Kopenhagen
Gestuerwen 29. November 2008
Helsingør
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Dänemark
Educatioun Kinneklech Dänesch Konschtakademie
Aktivitéit Architekt
Member vun Royal Academy
Famill
Kanner Jan Utzon, Kim Utzon, Lin Utzon

De Jørn Oberg Utzon, gebuer den 9. Abrëll 1918 zu Kopenhagen, a gestuerwen den 29. November 2008 zu Helsingør, war en däneschen Architekt. Hie gouf virun allem mam Entworf vum Sydney Opera House bekannt. 2003 krut hien de Pritzker-Präis fir säi Liewenswierk.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

D'Sydney Opera House.
D'Bagsværd-Kierch zu Kopenhagen.

Hien huet 1950 zu Kopenhagen säin eegenen Architektebüro opgemaach. 1957 gouf hien op ee Coup berüümt, wéi e mat sengem Entworf de Concours fir d'Oper zu Sydney gewonnen huet. Dono krut hie Commandë vun uechter d'Welt, z. B. d'Melli-Bank zu Teheran (1963), e Stadion a Saudiarabien (1967), d'Bagsværd-Kierch zu Kopenhagen (1976) an d'Parlamentsgebai am Kuwait (1972–1987, zesumme mat sengem Jong Jan). Och de Waassertuerm zu Svaneke op Bornholm (1950) ass vun him.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kenneth Frampton, Nils-Ole Lund, Rafael Moneo: Jørn Utzon. Pustet, Salzburg 1999, ISBN 3-7025-0408-7.
  • Richard Weston: Utzon: Inspiration, Vision, Architecture. Edition Blondal, 2002, ISBN 87-88978-98-2.
    Deutsche Ausgabe: Utzon. Nieswand Verlag, 2001, ISBN 978-3-89567-019-0.
  • Philip Drew: Sydney Opera House, Joern Utzon. Phaidon Press, 2002, ISBN 0-7148-4215-X.
  • Kenneth Frampton: Jørn Utzon: The Architect's Universe. Louisiana Museum of Modern Art, 2005, ISBN 87-90029-93-3.
  • Werner Meyer: Das Opernhaus von Sidney, Australien. Entdeckungsreise ins Unbekannte. Film aus der Reihe „Schätze der Welt“ 15' SWR 2008.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jørn Utzon – Biller, Videoen oder Audiodateien