Käppessen

Vu Wikipedia
Keppeshausen
lb: Käppessen
Käppessen
Land Däitschland
Bundesland Rheinland-Pfalz
Krees Béibreg-Prüm
Verbandsgemeng Südeifel
Awunner 18 (31. Dezember 2022)
Fläch 231 ha
Héicht 230 m
Koordinaten 49°57'48"N, 6°10'14"O
Telefonszon 06524
Postcode 54673
Websäit http://www.suedeifelinfo.de


Keppeshausen, op Lëtzebuergesch Käppessen, ass eng däitsch Uertsgemeng, bei där den ënneschten Deel duerch eng Grenzbréck iwwer d'Our, der Bréck vu Stolzebuerg mat Stolzebuerg verbonnen ass. Se gehéiert zur Verbandsgemeng Südeifel am Äifelkrees Béibreg-Prüm. Et ass vun der Awunnerzuel hier déi fënneftklengst Gemeng an Däitschland.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Vun den 13 Haiser an der Uertschaft leien der 9 direkt op der Our, déi aner stinn eng zwéin an en halwe Kilometer weider op der Strooss, déi a Richtung Waldhaff-Falkesteen an Neierbuerg féiert. Den ënneschten Deel vu Käppesse gehéiert zu der Par Stolzebuerg [Source?], deen ieweschten zur Par Rodershausen.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

De Gemengerot vu Käppessen besteet aus sechs gewielte Gemengeréit an dem Buergermeeschter als President. Buergermeeschter ass zanter 1979 den Eduard Klasen, deen am ieweschtem Deel vun der Uertschaft e Bauerebetrib féiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Käppessen – Biller, Videoen oder Audiodateien