Kärdla
| Dëse Geographiesartikel iwwer Estland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Kärdla | |
|---|---|
|
D'Haaptplaz vu Kärdla | |
| Allgemenges | |
| Stad | |
| Demographie | |
| Awunner | 2.921 |
| 1. Januar 2024 | |
| Geographie | |
| Koordinaten | 58°59'40"N, 22°45'0"O |
| Fläch | 4,53 km² |
|
| |
|
Kaart mat der Lag | |
Kärdla (de. Kertel, sv. Kärrdal) ass eng Stad (et. alev) am Weste vun Estland an de Chef-lieu vum Arrondissement Hiiu an der Landgemeng (vald) mam selwechten Numm. Se huet 2.921 Awunner (Stand 1. Januar 2024)[1] an ass 4,53 km² grouss; d'Bevëlkerungsdicht läit deemno bei 644,81 Awunner / km²[2].
Et ass déi eenzeg Stad op Hiiumaa, der zweetgréisster Insel vun Estland.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Kärdla läit op der Nordostküst vun der Insel Hiiumaa, direkt um Baltesche Mier. Se stéisst un d'Tareste-Bucht. Duerch d'Stad leeft de klenge Floss Nuutri an d'Baache Kammioja a Liivaoja.
Den Numm vun der Stad kënnt aus dem Schweedeschen; Kärrdal bezitt sech op e suppegen, fiichten Dall.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]En Duerf Kärtillby ass fir d'éischt am Joer 1564 dokumentéiert. Seng Awunner ware Schweeden, déi warscheinlech schonn am 14. Joerhonnert aus de schweedeschsproochege Gebidder vu Finnland op d'Insel Hiiumaa migréiert sinn.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- Gehaanskierch
- Musée vun Hiiumaa
- Aschlagkrater Kärdla
Perséinlechkeeten
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Kärdla – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ https://andmed.stat.ee/en/stat/rahvastik__rahvastikunaitajad-ja-koosseis__rahvaarv-ja-rahvastiku-koosseis/RV0282U; Statistikaameti statistika andmebaas; consultéiert den: 27. Juli 2024.
- ↑ Awunner a Fläch ginn automatesch vu Wikidata agebonnen.
