Kärenzorten

Vu Wikipedia

Op der ganzer Welt gëtt et ongeféier 3500 Kärenzorten déi an 300 Aarten opgedeelt sinn. Hei ginn déi opgezielt déi am heefegsten an der Liewesmëttelbranche gebraucht ginn an zu Lëtzebuerg ënner dem allgemengen Numm Fruucht bekannt sinn.

D'Liewensmëttelbranche besonnesch d'Bäckereien an Nuddelsfabrikanten ënnerscheeden tëscht dräi groussen Zorten:

  1. Mëll Kären; déi ginn haaptsächlech gebraucht fir Broutmiel oder Pâtisseriesmiel ze maachen
  2. Haart Kären; ginn haaptsächlech an der Schmullproduktioun gebraucht
  3. Käre fir d'Amelioratioun; dat si meeschtens exotesch Kären, déi räich u Planzeläim sinn, an deenen hiert Miel geholl gëtt fir Nodeeler vu verschiddene Mieler auszegläichen, déi an der Bäckerei gebraucht ginn.
Kärenzorten
Lëtzebuergeschen Numm Wëssenschaftlechen Numm Däitsch Franséisch Englesch
Spelz Triticum spelta L. Dinkel épeautre spelt
Weess Triticum aestivum L. Weizen blé, froment wheat
Geescht
Wantergeescht
Hordeum vulgare L. Gerste
Wintergerste
orge
escourgeon
barley
winter barley
Huewer Avena sativa L. Hafer avoine oat
Kar Secale cereale L. Roggen seigle rye
Mais Zea mays L. Mais maïs
(blé de Turquie)
maize
corn (amer.)
Räis Oryza sativa L. Reis riz rice
Mill Pennisetum glaucum (L.) R.Br. Perlhirse millet perle pearl millet
Gewéinlecht Wëllkaar Fagopyrum esculentum Moench gemeiner Buchweizen sarrasin, blé noir common buckwheat
Tatarescht Wëllkaar F. tataricum (L.) Gaertn. Tatrischer Buchweizen,
falscher B.
sarrasin de Tartarie,
blé noir fourrager
Tartary buckwheat,
green buckwheat
Fluess Linum usitatissimum L. Lein, Flachs lin flax