Kéibur (Hesper)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kéibuer (Hesper))
Kéibuer
De Kéibuer zu Hesper. Am Hannergrond: déi zwou bemierkenswäert Buchen.
Land Lëtzebuerg
Kanton Hesper
Koordinaten 49°34'7,82"N, 6°7'56,39"O

De Kéibuer zu Hesper ass e fréiere Wäschbuer am Dall vun der Doulemerbaach (oder Duelemerbaach).

De Buer gëtt duerch eng Quell gespeist, där hiert Waasser aus de Basengen erof an d'Doulemerbaach leeft. D'Baach selwer fléisst zu Hesper an d'Uelzecht.

Wéi den Numm et seet, war de Kéibuer ursprénglech eng Véidränk. 1848 gouf si zu engem Wäschbuer ëmgebaut, dee virun allem vun den Awunner vu Fenteng benotzt gouf.

Wéi 1986 de Wäschbuer renovéiert gouf, si vum ursprénglech iwwerdeckte Gebai nach just d'Basengsmauere bäibehale ginn.

De Kéibuer fënnt ee wann een zu Fenteng d'Rue de Kockelscheuer eropfiert. Am Ausgank vum Duerf geet et ronn 820 m zu Fouss weider iwwer de goudronéierte Wee duerch den Dall vun der Doulemerbaach, laanscht den Hollemollefiels (e Fiels mat enger klenger natierlecher Hiel), bis de Wee uewen am Dall no lénks duerch den Eisebunnstunnel vun der Streck Lëtzebuerg-Diddenuewen ofbéit. Lénks vum Wee stéisst een dann op de Kéibuer.

Bemierkenswäert Buchen um Kéibuer[änneren | Quelltext änneren]

Säitlech iwwer dem Kéibuer stinn zwou Buchen (Fagus sylvatica; hêtre; Rotbuche) déi wéinst hirem opfällege Wuerzelgeflecht an och der Plaz wou se stinn, zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéieren.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Buchen um Kéibuer.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Natur, Kultur und Geschichte in der Gemeinde Hesperingen, 2004. Erausgi vun der Gemeng Hesper, de Geschichtsfrënn vun der Gemeng Hesper an der Administration des eaux et forëts. (Text op Däitsch an op Franséisch). Dréckerei Heintz, Péiteng.
  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 72 an 73, Text a Foto.)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]

Riets déi zwou bemierkenswäert Buchen. Lénks um Enn vum Wee den Eisebunnstunnel.
Lénks a riets déi zwou bemierkenswäert Buchen.