Kéisécker
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
![]() |
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Kéisécker | |||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Jonke Kéisécker | |||||||||||||
Systematik | |||||||||||||
| |||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||
Erinaceidae Fischer, 1817 | |||||||||||||
Ënnerfamilljen | |||||||||||||
D'Kéisécker (Erinaceidae) sinn eng Famill aus der Uerdnung vun den Insektefrësser an eng vun deenen eelste Famillje vun de Mamendéieren. Déi bekanntst Aart vun hinnen an Europa ass den Europäesche Kéisécker oder Igel, Däreldéier oder Mëllechsécker (Erinaceus europaeus) deen an Europa lieft. An dëser Famill gëtt et ronn 20 Aarten, déi an zwou Ënnerfamilljen agedeelt sinn.
Etymologie vum Wuert Kéisécker[änneren | Quelltext änneren]
Fréier hunn d'Leit gemengt, datt d'Kéisécker an de Stall geschlach si, fir un de Kéi hirem Auder Mëllech ze "sécken" (suckelen).[1]
Systematik[änneren | Quelltext änneren]
- Famill Kéisécker (Erinaceidae)
- Ënnerfamill Ratekéisécker (Hylomyinae)
- Gattung Grousse Ratekéisécker (Echinosorex)
- Gattung Klenge Ratekéisécker (Hylomys)
- Gattung Spëtzmauskéisécker (Neotetracus)
- Gattung Hainan-Ratekéisécker (Neohylomys)
- Gattung Philippine-Ratekéisécker (Podogymnura)
- Ënnerfamill Stachelkéisécker (Erinaceinae)
- Gattung Kéisécker mat klengen Oueren (Erinaceus)
- Gattung Afrikanesch Kéisécker (Atelerix)
- Gattung Steppekéisécker (Mesechinus)
- Gattung Kéisécker mat groussen Oueren (Hemiechinus)
- Gattung Wüstekéisécker (Paraechinus)
- Ënnerfamill Ratekéisécker (Hylomyinae)
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Kéisécker – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Luxemburger Pflanzennamen vum Henri Klees