Op den Inhalt sprangen

KIC 8462852

Vu Wikipedia
KIC 8462852
Positioun vum KIC 8462852
NummKIC 8462852
Stärebild:Cygnus (Cyg)
Daten
EquinoxeJ2000.0
Rektaszensioun20h 06m 15,457s
Deklinatioun+ 44° 27' 24,61"
visuell Magnitude7,17
Spektralklass:F3 V / IV
Astrometrie
Radialvitess:
Parallax
Distanz1480 Lj
Absolut Hellegkeet3,08 mag
Physikalesch Eegenschaften
Mass:1,43 M☉
Radius:1,58 R☉
Liichtkraaft:L☉
Uewerflächentemperatur6750 ± 120 K
Aner Bezeechnungen
CD−60° 1303
2MASSJ20061546+4427248
Tycho-KatalogTYC 3162/665/1

KIC 8462852 ass – am Kepler Input Catalog, kuerz KIC – d'Bezeechnung fir en Haaptreiestär vun der Spektralklass F am Stärebild Cygnus. De Stär läit ongeféier 454 Parsec (1480 Lj) vun eiser Äerd ewech.

Am Kader vum Planet Hunter-Projet goufe mam Kepler-Weltraumteleskop kuerz netperiodesch Hellegkeetsreduzéierunge vu bis zu 22 % fonnt, fir déi et nach keng Erklärung gëtt. Vun den Entdecker ginn opgebrache Koméiten als déi warscheinlechst Méiglechkeet ugesinn. D'Hellegkeetsännerungen hunn am Hierscht 2015 an de Medien zu Spekulatioune iwwer méiglech technesch Konstruktioune vun extraterrestreschen Zivilisatiounen, z. B. enger Dyson-Sphär gefouert.

Am Oktober 2015 huet de SETI-Institut mam ATA ugefaangen, de KIC 8462852 z'observéieren. Och de Radioteleskop vum Green-Bank-Observatoire an de Very Large Array goufe fir nei Ënnersich virgeschloen.[1][2][3]

Infrarout- an Ultraviolett-Fotoe vum KIC 8462852

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Something—we're not sure what—is radically dimming a star's light arstechnica.com
  2. SETI Institute Undertakes Search for Alien Signal from Kepler Star KIC 8462852 universetoday.com
  3. The Curious Case of KIC 8462852 skyandtelescope.com, gekuckt den 22. Oktober 2015