KZ-Niewelager Thil

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Maquette vum Lager vum Ubaldo Marinelli aus dem Joer 1946 a restauréiert 2004

D'KZ-Niewelager Thil an der franséischer Gemeng Thil am Departement Meurthe-et-Moselle war eent vun den Niewelager vum KZ Natzweiler-Struthof.

Wéi et dozou komm[änneren | Quelltext änneren]

D'Lager aus der Loft gesinn

Nodeem d'Englänner an der Nuecht vum 17. op den 18. August déi däitsch Heeresversuchsanstalt Peenemünde am Norde vun der Insel Usedom bombardéiert haten, gouf d'Masseproduktioun vun der Fieseler Fi 103, enger Fluchbomm, déi besser bekannt ass als "V1", an ënnerierdesch Fabrécke verluecht. Déi bekanntst war Dora-Mittelbau bei Nordhausen an Thüringen, déi den 28. August 1943 als Niewelager vum Konzentratiounslager Buchenwald ugefaangen huet.

Fir d'Produktioun vun den V1-Fluchbommen z'erhéijen hunn déi Däitsch a ganz Europa no diskreete Plaze gesicht, wou se nach V1-Fabrécke konnten opriichten.

D'Minière vum "Syndicat de Tiercelet" zu Thil hat vill Virdeeler. Den Zougank mat Zich war méiglech, den Agank war an der Flank vun engem Hiwwel an et war méiglech, op enger Fläch vun 250 000 m², grouss ënnerierdesch Hielen ze gruewen.

Am Fréijoer 1944 huet d'Organisatioun Todt mat Hëllef vun Zwangsaarbechter a Krichsprisonéier vu villen Natioune mat dem Opbau ugefaangen. Dorënner ware 500 ungaresch Judden, déi aus dem KZ Auschwitz koumen.

D'Lager am Krich[änneren | Quelltext änneren]

De Krematiounsuewe vu bannen
D'Plaz, op där am Krich d'Lager stoung

De Kommandant vum KZ-Niewelager Thil war den SS-Oberscharführer Büttner. D'Zuel vun de Prisonéier, déi d'Minière hu missen ausbauen an déi hätte solle Bomme bauen, ass net eendeiteg beluecht; Quelle schwätze vun ëm déi 900 bis zu iwwer 3.000. Och d'Afferzuel kann nëmme geschat ginn.[1]

Fir déi vill Stierffäll Meeschter ze ginn, goufen d'Läiche vun de Prisonéier op eng Zort Grill vun Eisebunnsschinne geluecht a mat Hëllef vun Dännenholz a Godrong verbrannt. Méi spéit gouf e Krematiounsuewen aus dem Schluechthaus vu Villerupt op Thil bruecht an do installéiert.

Hiren eigentlechen Zweck - Deeler fir Fluchbommen a fir Fligeren ze bauen - konnt d'Fabréck net méi erfëllen. D'Ëmbauaarbechten an der Minière waren eréischt am Mee 1944 sou wäit fäerdeg. Den 1. September 1944, wou kloer war, datt d'amerikanesch Arméi an e puer Deeg bis op Thil virgeréckt wier, gouf d'Lager opgeléist an den Agank vun der Minière, déi méi oder manner geraumt gouf, gesprengt. D'Minière selwer hätt och solle gesprengt ginn, et ass awer net geschitt.

D'Prisonéier sinn zum Deel ëmbruecht ginn, zum Deel an aner Lager an Däitschland verschleeft ginn.

Wéi de Lt. Colonel Ranger an de Colonel W.A. Bearsley vum Corps de Liaison (Mission ALSOS - GIOS) vun der US-Arméi sech d'Plaz Enn September 1944 ukucke gaange sinn, hu si Eenzeldeeler fir d'Bommen a Pläng, wéi se zesummenzebaue wieren, fonnt, mä keng, déi fäerdeg waren.

Nom Krich[änneren | Quelltext änneren]

Monument "Lumière d'espoir" vum Laurent Marinelli um "Sentier de mémoire"

Eng Krypta, déi duerch eng Subscriptioun bei den Thiler Awunner finanzéiert gouf, ass op där Plaz opgeriicht ginn, wou de Krematiounsuewe stoung. Haut steet den Uewen an der Krypta. Se gouf de 17. November 1946 ageweit.
1949 gouf d'Lager zu Thil offiziell als "Camp de Concentration, Kommando du Struthof-Natzweiler" unerkannt. 1984 gouf et "Nécropole nationale".[2] Vum Lager selwer ass haut näischt méi ze gesinn.

Am Abrëll 2005 gouf e "Sentier de Mémoire" ageweit. Dee Wee féiert vum Kierfecht vun Thil, deen direkt nieft der Plaz ass, op där dat fréiert Lager stoung, bis bei d'Krypta.

Den 30. Oktober 2023 gouf a Presenz vun der Presidentin vun der franséischer Nationalversammlung, der Yaël Braun-Pivet, eng Stèle ageweit, déi un 800 Judden erënnert, déi do hu missen Zwangsaarbecht leeschten an déi vun do deportéiert goufen.[3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

  • Muséeën am Zesummenhang mam Krich, zu Lëtzebuerg:
Nationale Resistenzmusée zu Esch-Uelzecht · Nationale Militärgeschichtsmusée zu Dikkrech · Deportatiounsmemorial zu Hollerech · Regionalmusée vun den Zwangsrekrutéierten zu Diddeleng · 385th Bomb Group-Musée zu Pärel · Musée Patton zu Ettelbréck · Krichsmusée Klierf
Monument de la déportation civile et militaire zu Hollerech · Hinzerter Kräiz an der Stad · Nationalmonument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit an der Stad·Nationaalt Streikmonument zu Wolz · Pafemillen Monument fir déi deportéiert Judden · Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm · Däitschen Zaldotekierfecht zu Sandweiler · Monument aux morts Capellen · Lancaster Memorial zu Wäiswampech
  • Aner Institutiounen am Zesummenhang mam Krich, zu Lëtzebuerg:
Centre de documentation et de recherche sur l'enrôlement forcé · Centre de documentation et de recherche sur la Résistance
  • Am noen Ausland:
Commemoratiounsplaz Hinzert · KZ-Niewelager Thil · Mardasson Baaschtnech · Bastogne Historical Center · Halifax-Monument zu Neundorf

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: KZ-Niewelager Thil – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Archive copy Gearchiveerd op 2009-08-13. Gekuckt de(n) 2008-12-19.
  2. "Camp de concentration de Thil (54)".
  3. Claude Molinaro: "Erinnerungsstele eingeweiht - Das KZ Thil nahe der luxemburgischen Grenze." tageblatt.lu. 03.11.2023.