Op den Inhalt sprangen

Kabesfrësser

Vu Wikipedia
Kabesfrësser
Kabespäipel
Kabesfrësser (Pieris brassicae) ♀

Kabesfrësser (Pieris brassicae)
Kabesfrësser (Pieris brassicae)
Systematik
Räich: Déiereräich (Animalia)
Stamm: Arthropoden (Arthoropda)
Klass: Insekten (Insecta)
Uerdnung: Päiperleken (Lepidoptera)
Famill: Pieridae
Ënnerfamill: Pierinae
Gattung: Pieris
Wëssenschaftlechen Numm
Pieris brassicae
(Linnaeus, 1758)
Eeër op engem Kabes
Raup
Popp

De Kabesfrësser[1][2] (Pieris brassicae), och alt Kabespäipel[1] genannt, ass e Päiperlek (Dagfalter) aus der Famill vun de Pieridae.

Op Däitsch gëtt d'Aart Großer Kohlweißling genannt, op Franséisch Piéride du chou an op Englesch Large white.

De Kabesfrësser ass wäit verbreet a kënnt heefeg vir tëscht Nordafrika a Fennoskandinavien.

De Kabesfrësser ass nieft dem Klenge Kabespäiperlek (Pieris rapae) an dem Rapswäissleng (Pieris napi) eng vun den dräi Dagfalteraarten, déi net op der Lëscht vun den integral geschützten Aarten zu Lëtzebuerg steet[3].

D'Imagines erreechen eng Spanwäit vun de Flilleke vu 60 Millimeter. D'Ecke vun de viischte Flilleke si schwaarz.

Tëscht Mee a Juni leet d'Weibche ronn 100 Eeër a Kludderen op der ënneschter Säit vun der Wiertsplanzen. No ronn zwou Woche kommen do gielzeg-gréng a schwaarz gefleckte Raupen eraus. Dës erniere sech virun allem vu Kabes (Brassica) an anere Kräizbléiegewächser (Brassicaceae), dohier den Numm vum Déier. D'Raup gëtt Kabesmued, -raup oder -schësser genannt. Wa se no 3 bis 4 Wochen eng Längt vu bis zu 40 Millimeter erreecht hunn, verpoppe se sech. D'Hierschtgeneratioun iwwerwantert als Popp.

  • Tom Tolman, Richard Lewington: Die Tagfalter Europas und Nordwestafrikas, Franckh-Kosmos Verlags-GmbH & Co, Stuttgart 1998, ISBN 3-440-07573-7
  • Hans-Josef Weidemann: Tagfalter: beobachten, bestimmen, Naturbuch-Verlag Augsburg 1995, ISBN 3-89440-115-X
 Commons: Pieris brassicae – Biller, Videoen oder Audiodateien
 Wikispecies: Kabesfrësser – Datebank fir Liewewiesen

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 Klees, Henri, 1981. Luxemburger Tiernamen. Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. XIV. 131 S., Pierre Linden, Lëtzebuerg.
  2. Mestdagh X., L'Hoste L. & Titeux N. (editors) 2024. - Butterflies in Luxembourg: distribution, trends and conservation. Ferrantia 90, Musée national d'histoire naturelle, Luxembourg, 287 p. PDF (en)
  3. Laut Artikel 1 vum Règlement grand-ducal du 9 janvier 2009 concernant la protection intégrale et partielle de certaines espèces animales de la faune sauvage sinn all d'Dagfalteren („Papilionoidea s.l. spp.“) bis op de Kabesfrësser (Pieris brassicae), de Klenge Kabespäiperlek (Pieris rapae) an de Rapswäissleng (Pieris napi) integral geschützt („intégralement protégées“).