Kadastersektioun

Vu Wikipedia

Kadastersektiounen zu Lëtzebuerg sinn administrativ Flächenandeelunge vun enger Lëtzebuerger Gemeng sou wéi se vum Kadaster opgestallt goufen.

Am grousse Ganzen entsprécht d'Fläch vun enger Kadastersektioun, der Fläch vun enger Uertschaft, mat den Terraine ronderëm, déi zur Uertschaft gehéieren.

De Kadaster selwer regruppéiert d'Kadastersektioune vun enger Gemeng ënner der Bezeechnung Commune cadastrale.

Vue datt um Kadaster de rezente Fusioune vun de Gemengen am Ament nach keng Rechnung gedroe gëtt, gëtt et 130 Communes cadastrales, mat am Ganze 520 Sektiounen.[1]

D'Kadastergemeng mat de meeschte Kadastersektiounen, ass Housen, mat aacht Stéck.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Informatioun vum Kadaster de 25. September 2009