Kaká

Vu Wikipedia
Kaká

Spillerinformatiounen
Vollen Numm Ricardo Izecson dos Santos Leite
Gebuertsdag 22. Abrëll 1982
Gebuertsplaz BrasíliaBrasilien
Gréisst 184 cm
Positioun offensive Mëttelfeldspiller
Veräiner an der Jugend
1994-2000 São Paulo FC
Veräiner als Aktiven1
Joer Veräin Matcher (Goler)
2001–2003
2003–2009
2009–2013
2013-2014
2014-2017
2014
São Paulo FC
AC Mailand
Real Madrid
AC Mailand
Orlando
->São Paulo FC(geléint)
59  (23)
193 (70)
85  (23)
30  (7)
78 (25)
24 (3)
Nationalekipp
2002-16 Brasilien 87 (29)

1 Nëmme Liga-Matcher.
 Stand: 06.1.2020

De Kaká, eigentlech Ricardo Izecson dos Santos Leite gebuer den 22. Abrëll 1982 zu Brasília, Brasilien, ass e fréiere brasilianesche Foussballspiller.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Kaká ass den eelste Jong vum Rodrigo Izecson Dos Santos Leite. Hien ass den 23. Dezember 2005 mat der Caroline Celico an enger evangeelescher Kierch zu Sao Paulo bestuet ginn.

Seng Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Am Alter vun 19 Joer (2001) huet dem Kaká seng Karriär beim FC São Paulo ugefaangen, wou hie wärend zwou Saisone bei 49 Spiller 22 Goler geschoss huet. Hien huet 2003 bei den AC Mailand gewiesselt. Dëse Wiessel huet 8,5 Milliounen Euro kascht. Hien huet an den nächsten 30 Spiller 10 Goler geschoss a krut sou seng Plaz hanner dem Andriy Shevchenko. Hien huet mam AC Mailand déi zweet Plaz an der Serie A, zweemol déi 2. Plaz an der UEFA Champions League an déi éischt Plaz am Europäesche Supercup gewonnen.

Am Summer 2009 waren e puer Foussballklibb um Kaká intresséiert. Manchester City war bereet bis zu 130 Mio. Euro un den AC Mailand ze bezuelen. Schlussendlech ass e fir 65 Mio. Euro bei Real Madrid gewiesselt.

Am Summer 2013 ass hien zeréck op den AC Mailand gewieselt. An der Partie géint Atalanta Bergamo, de 6. Januar 2014 huet hie säin 100. Gol fir d'Rossonerie geschoss.

Am Summer 2014 ass den Izceson vun Orlando City SC aus der US-amerikanescher MLS, kaaft ginn. Hie gouf dunn direkt zeréck a seng Heemecht, op São Paulo, geléint bis Januar 2015.

Am Dezember 2017 huet de Kaká d'Enn vun senger Fousballcarrière bekannt ginn.

De Kaká huet mat der brasilianescher Foussballnationalekipp un der Foussball-Weltmeeschterschaft 2002,dem Konfederatiouns-Pokal 2005 an der Foussball-Weltmeeschterschaft 2006 deelgeholl.

Hie war a senger Glanzzäit ee vun de beschte brasilianesche Foussballspiller.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ricardo Izecson dos Santos Leite (Kaká) – Biller, Videoen oder Audiodateien