Kalaphorura ludzaki

Vu Wikipedia
Kalaphorura ludzaki
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Arthropoden
Klass: Hexapoda
Ënnerklass Apterygota
Uerdnung: Collembola
Famill: Onychiuridae
Gattung: Kalaphorura
Wëssenschaftlechen Numm
Kalaphorura ludzaki
Weiner & Stomp, 2005


Kalaphorura ludzaki ass eng Collembolenaart (Sprangschwänz) aus der Famill vun den Onychiuridae, déi bis elo nëmme vu Lëtzebuerg bekannt ass an als endeemesch ugesi ka ginn.

Si gouf am Joer 2005 vun der polnescher Zoologin Wanda Maria Weiner an dem lëtzebuergesche Collembolespezialist Norbert Stomp als nei Aart beschriwwen, an zwar unhand vu Material, dat si 1994 zu Baschelt an engem ale Gaart, deen dem Norbert Stomp gehéiert huet, gesammelt haten. D'Aart ass dem Anton Ludzak, engem Pol, deen zënter dem Enn vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg gelieft huet an dem Norbert Stomp beim Ënnerhalt vu sengem Gaart gehollef huet, dediéiert.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Weiner & Stomp 2005.