Kallichore (Mound)
|
| |
| Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/2003 J 11 |
|---|---|
| Zentralkierper | Jupiter |
| Eegenschafte vum Orbit | |
| Grouss Hallefachs | 24.043.000 km |
| Periapsis | 17.696.000 km |
| Apoapsis | 30.390.000 km |
| Exzentrizitéit | 0,264 |
| Ëmlafzäit | 764,7 Deeg |
| Ëmlafvitess | 2,25 km/s |
| Inklinatioun | 165,5° |
| Physikalesch Donnéeën | |
| Mëttleren Duerchmiesser | ≈2 km |
| Dicht | 2,6 g/cm3 |
| Albedo | 0,04 |
| Visuell Magnitude (mag) | 23,7 |
| Entdeckung | |
| Entdecker | IFA Hawaii |
| Entdeckungsdatum | 6. Februar 2003 |
De Mound Kallichore (Jupiter XLIV) ass ee vun de klenge Mounde vum Planéit Jupiter.
Entdeckung
[änneren | Quelltext änneren]De Mound gouf de 6. Februar 2003 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Hie krut ufanks déi virleefeg Bezeechnung S/2003 J 11. Den 30. Mäerz 2005 krut hie säin offiziellen Numm Kallichore vun der I.A.U..
De Mound gouf no der Figur Kallirrhoe aus der griichescher Mythologie genannt.
Bunndaten
[änneren | Quelltext änneren]De Kallichore kreest a 764,7 Deeg op enger mëttlerer Distanz vu 24.043.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,264. Mat enger Inklinatioun vun 165,5° ass d'Bunn retrograd, d. h., de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.
Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt de Kallichore zu der Carme-Grupp gezielt, genannt nom Jupitermound Carme. De Kallichore ass de baussenzegste Member vun der Grupp.
Physikalesch Daten
[änneren | Quelltext änneren]De Kallichore huet en Duerchmiesser vun zirka 2 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hie besteet warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs. Hien huet eng däischter Uewerfläch an eng Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 23,7m.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- MPEC 2003-E29: S/2003 J 9, 2003 J 10, 2003 J 11, 2003 J 12; S/2003 J 1, 2003 J 6 7. Mäerz 2003 (Entdeckung)
- MPEC 2004-E09: S/2003 J 11 2. Mäerz 2004 (Zeréckentdeckung)