Kalorie

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Eng Kalorie (lat. calor - "Wäermt"; Ofkierzung: cal) ass eng zanter dem 1. Januar 1978 net méi zougeloosse Moosseenheet fir d'Energie. D'Kalorie ass duerch d'Moosseenheet Joule ofgeléist ginn. Trotz dem internationalen a wëssenschaftlechen Numm vun dëser neier Moosseenheet Joule, konnt se sech awer net am normale Sproochgebrauch duerchsetzen. Sou gëtt den Energiegehalt vun de Liewensmëttel weiderhin a Kalorien oder Kilokalorien uginn.

Eng Kalorie ass déi Energie déi gebraucht gëtt fir 1 ml Waasser vu 14,5 ° Celsius op 15,5 ° z'erwiermen.

Eng Kalorie = 4,184 Joule.

Eng Kilokalorie (Ofkierzung: kcal) huet 1000 Kalorien, wat 4184 Joule entsprécht.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]