Op den Inhalt sprangen

Ënnescht Box

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kalzong)
E Mann mat engem wäisse Kalzong.
E weiblecht Model wärend engem Moudendefilé mat wäisser ënneschter Box a schwaarzem Soutien.

Eng ënnescht Box ass e Gezei, dat zur Ënnerwäsch zielt. Et gëtt direkt op der Haut gedroen a bedeckt de Kierper ronderëm de Becken, an ëmmer op d'mannst de Genitalberäich, an Deeler vum Hënner an dem Beräich tëscht de Been.

Ënnescht Boxen déngen haaptsächlech der Hygiène, dem Schutz, an dem Confort. Se schützen d'Kleeder virun de Reschter vun natierlechen Ausscheedungen (Blutt wärend der Menstruatioun, Exkrementer) oder Schweess. Jee no Material a Schnëtt kënne si d'Beweegungsfräiheet ënnerstëtzen. A kale Klimazone kann eng ënnescht Box zousätzlech Wäermt bidden.

D'Material vun den ënneschte Boxe variéiert; si ginn ënner anerem aus Kotteng, Polyester, Seid, oder engem gemëschten Tissu produzéiert. Kotteng ass besonnesch ootmungsaktiv an hautfrëndlech, wärend syntheetesche Stoffer wéi Polyester méi elastesch sinn a méi séier dréchnen. Fréier goufen ënnescht Boxen och nach aus Woll oder Léngent hiergestallt.

Et gëtt ënnerschiddlech Typpen ënnescht Boxen, déi vum Schnëtt, dem Geschlecht vun der Persoun, déi se unhuet, an dem Verwendungszweck ofhänken. E Slip ass e Synonym fir eng ënnescht Box fir Fraen a Männer, déi relativ enk uläit. E Kalzong (vum franséische caleçon) ass en Allgemengbegrëff fir d'ënnescht Boxe fir Jongen a Männer, de Boxershort e speziellen Typ mat mëttellaange Been, dee labber uläit. D'ënnescht Boxe vun de Männer kënnen eng bedeckt Ëffnung hunn, duerch déi een d'Glidd beim Urinéieren eraushuele kann, ouni dat ganzt Kleedungsstéck mussen erofzezéien.

E String an en Tanga sinn aner Typpen ënnescht Boxen, déi manner Haut bedecken, woubäi de String déi minimalisteschst Variant ass. E besteet hannen aus enger ganz schmueler Sträif Stoft, déi tëscht den Aarschbake verleeft. Den Tanga ass eng Variant tëscht Slip a String.

Ënnescht Boxe kënnen och eng kulturell oder symbolesch Bedeitung hunn. A verschiddene Gesellschafte gëlle s'als als intim a ginn net ëffentlech gewisen, wärend s'an anere Kontexter, zum Beispill an der Moudebranch, bewosst inzenéiert ginn.[1]

 Commons: Ënnescht Box – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (de) Leopold Kampusch, Die Geschichte der Damenunterwäsche. dessous-museum.de. Gekuckt den 22. Mäerz 2026.