Kamerun
| Dëse Geographiesartikel iwwer Afrika ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| République du Cameroun Republic of Cameroon |
|||||
|
|||||
| National Devise: "Paix, travail, patrie" / "Peace, Work, Fatherland" (lëtz.: Fridden, Aarbecht, Heemecht) |
|||||
| Offiziell Sprooch: | Franséisch, Englesch | ||||
| Haaptstad: | Yaoundé | ||||
| • Awunner: | 2 500 000 | ||||
| Staatsform: | Republik | ||||
| • President: | Paul Biya | ||||
| • Premierminister: | Philémon Yang | ||||
| Fläch: | 475 442 km² (54.) | ||||
| • Dovu Waasser: | 0.57 % | ||||
| Bevëlkerung: | 23 130 708 [1] (54.) | ||||
| • Bevëlkerungsdicht: | 39.7/km² | ||||
| Onofhängegkeet: | 1. Januar 1960 (vu Frankräich) 1. Oktober 1961 (Reunification mat British Cameroons) |
||||
| Nationalfeierdag: | 20. Mee | ||||
| Nationalhymn: | Chant de Ralliement | ||||
| Währung: | Zentralafrikaneschen CFA-Frang (XAF) | ||||
| Zäitzon: | UTC +1 | ||||
| Internet TLD: | .cm | ||||
| Internationalen Telefonsprefix: |
+237 | ||||
D'Republik Kamerun (op Franséisch République du Cameroun an op Englesch Republic of Cameroon), ass e Staat an Zentralafrika.
Déi gréisste Stad ass d'Wirtschaftsmetropole Douala, d'Haaptstad Yaoundé ass déi zweetgréisste Stad.
Inhaltsverzeechnes
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
1472 sinn d'Portugisen als éischt Europäer an d'Regioun komm an hunn dem haitege Floss Wouri den Numm Rio dos Camarões (Floss vun de Crevette) ginn, well e voll mat Crevette war. Bis 1884 gouf den Territoire vum haitege Kamerun vun enger grousser Unzuel un ënnerschiddleche Volleksgruppe besidelt. Vun 1884 bis zum Éischte Weltkrich war Kamerun eng däitsch Kolonie. Déi däitsch Administratioun huet den Numm Kamerun fir d'éischt fir d'Regioun ëm Douala, duerno fir d'ganzt Land benotzt.
1916 hunn déi Däitsch no der Interventioun vu franséischen, briteschen a belschen Truppen de Kamerun verluer. Vun 1919 u war de Kamerun e Mandatsterritoire vum Vëlkerbond, dee vu Frankräich a vu Groussbritannien verwalt gouf. Duerfir ass déi fréier Kolonie an zwee gedeelt ginn, a Frankräich krut dobäi véier-Fënneftel vum Territoire. No der Opléisung vum Vëlkerbond an der Kreatioun vun der UNO nom zweete Weltkrich gouf de Statut vun den zwee Kamerunen an dee vun Treihandmandater ëmgewandelt, mam offiziellen Zil, eng Eegeverwaltung z'erreechen. An den 1950er huet eng intensiv Onofhängegkeetsbeweegung fir Onrouen am vu Frankräich verwalte Kamerun gesuergt. D'Haaptforce war dobäi d'Union des populations du Cameroun (UPC), där hire Leader Ruben Um Nyobé 1958 vu Frankräich ëmbruecht gouf.
Den 1. Januar 1960 krut de franséischen Deel seng Onofhängegkeet. Den 1. Oktober 1961 huet sech den onofhängege Staat Kamerun mat dem südlechen Deel vun dem vu Groussbritannien verwalte Kamerun (British Southern Cameroons) zu der onofhängeger Federaler Republik Kamerun vereenegt. Den Norde vum britesche Kamerun (British Northern Cameroons) huet sech fir eng Vereenegung mat Nigeria entscheet. Déi zwou offiziell Sprooche vum neie Staat waren a si Franséisch an Englesch.
Den éischte President Ahmadou Ahidjo huet sech als autoritäre Leader etabléiert a seng Partei, d'National Kamerunesch Unioun, gouf 1966 zur eenzeg legaler Eenheetspartei ausgeruff. 1972 huet hien d'Federatioun opgeléist an duerch en Eenheetsstaat ersetze gelooss. Hien ass 1982 zréckgetrueden an duerch den deemolege Premierminister an haitege President Paul Biya ersat ginn.
Mëtt der 1980er bis an d'spéit 1990er Jore war d'Land mat Wirtschaftskrise geplot, déi duerch international Wirtschaftskonditiounen, Dréchenten, niddreg Pëtrolspräisser a jorelaang Korruptioun a schlechte Management ausgeléist goufen. 1990 gouf de Multipartismus erëm agefouert, wat ënner anerem dozou gefouert huet dat den anglophonen Deel eng méi staark Autonomie oder souguer Onofhängegkeet gefuerdert huet.
Zanter 2013 ass déi fundamentalistesch Terrororganisatioun Boko Haram aus Nigeria am Norde vum Land aktiv, wat eng grousse Onsécherheet an de Regiounen Extrême-Nord an Nord als Folleg huet.
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Schätzung Juli 2014: CIA World Factbook
Algerien - Angola - Benin - Botswana - Burkina Faso - Burundi - Cap Vert - Dschibuti - Egypten - Elfebeeküst - Equatorialguinea - Eritrea - Ethiopien - Gabun - Gambia - Ghana - Guinea - Guinea-Bissau - Kamerun - Kenia - Komoren - Demokratesch Republik Kongo - Republik Kongo - Lesotho - Liberia - Libyen - Madagaskar - Malawi - Mali - Marokko - Mauretanien - Mauritius - Mosambik - Namibien - Niger - Nigeria - Ruanda - Sambia - São Tomé a Príncipe - Senegal - Seychellen - Sierra Leone - Simbabwe - Somalia - Südafrika - Sudan - Südsudan - Swasiland - Tansania - Togo - Tschad - Tunesien - Uganda - Zentralafrikanesch Republik
Antigua a Barbuda - Australien - Bahamas - Bangladesch - Barbados - Belize - Botswana - Brunei - Kamerun - Kanada - Zypern - Dominica - Fidschi - Gambia - Ghana - Grenada - Guyana - Indien - Jamaika - Kenia - Kiribati - Lesotho - Malawi - Malaysia - Maldiven - Malta - Mauritius - Mosambik - Namibien - Nauru - Neiséiland - Nigeria - Pakistan - Papua-Neiguinea - Saint Kitts an Nevis - Santa Lucia - Saint Vincent an d'Grenadinnen - Sambia - Samoa - Seychellen - Sierra Leone - Singapur - Salomon-Inselen - Südafrika - Sri Lanka - Swasiland - Tansania - Tonga - Trinidad an Tobago - Tuvalu - Uganda - Vereenegt Kinnekräich - Vanuatu
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
| Commons: Kamerun – Biller, Videoen oder Audiodateien |