Kamioka Nucleon Decay Experiment

Vu Wikipedia
Modellnobau vum Experiment

D'Kamioka Nucleon Decay Experiment (ofgekierzt:Kamiokande) ass e kärphysikalescht Experiment an der Géigend vun der japanescher Gemeng Kamioka (haut Hida), dat den hypothetesche Protonenzerfall noweise sollt.

D'Experiment gouf vum japanesche Physiker Masatoshi Koshiba konzipéiert a vun 1982 bis 1983 opgebaut. Protonenzerfäll konnten net nogewise ginn. D'Ariichtung eegent sech awer als Neutrinodetekter. Am Joer 1987 konnten 12 Neutrinoe vun der Supernova 1987A festgestallt ginn. Dat war déi éischt direkt experimentell Konfirmatioun vun den Theorien iwwer d'Prozesser beim Kollaps vun engem Stär, besonnesch vun der Neutrinokillung.

An engem Tank mat 3.000 Tonnen héichrengem Waasser sinn zirka 1000 Photomultiplier, déi d'Tscherenkow-Stralung vun Elektrone registréieren, déi duerch d'Wiesselwierkung mat Neutrinoen aktivéiert goufen. Fir d'kosmesch Stralung ofzeschiermen, ass den Tank 1.000 Meter ënner dem Buedem.

1996 goung den Nofollger Super-Kamiokande a Betrib.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]