Op den Inhalt sprangen

Kanal Pommerœul-Antoing

Vu Wikipedia
Kanal Pommerœul-Antoing
De Kanal vun der rue des Préaux aus gesinn
Typ Kanal
Geographie
Land Belsch
Koordinaten 50°33'0"N, 3°25'0"O
Technesch Donnéeën
Architekt Jean-Baptiste Vifquain
Bau 1823
Opgaangen 18. Juni 1826
Zougemaach 20. August 1976
Status ausser Betrib
Längt 25,168 km
Héicht Ufank 23 m
Héicht um Scheet 32 m
Héicht Enn 15,50 m
Gabarit ± Gabarit Freycinet
(42,20 × 5,20)
Aner Donnéeën
Uwännerstied Péronnes
50° 32’ 41.42’’ N
      03° 26’ 23.03’’ O

Pommerœul-Malmaison
50° 26’ 58,74’’ N
      03° 42’ 27.77’’ O
Schleisen 13
Aner Konstruktiounen 3 Hiefbrécken

De Kanal Pommerœul-Antoing war e Schëffskanal an der belscher Provënz Hainaut.

De Kanal gouf tëscht 1823 an 1826 gebaut, fir net brauche mat de Kuelen aus dem Borinage iwwer de Kanal Mons-Condé duerch Frankräich ze fueren, fir op den Escaut ze kommen an déi domat verbonne franséisch Taxen ze bezuelen. De Kanal war 26 Kilometer laang an huet vu Pommerœul op Antoing gefouert.

E gouf méi spéit mam Kanal Nimy-Blaton-Péronnes ersat, op deem Schëffer mat méi groussem Tonnage fuere kënnen. Dobäi goufen e puer Stécker vum ale Kanal an den neien integréiert, an et kann een haut nach zwéin Deeler vum fréiere Kanal gesinn, op deem nach e puer Schleise mat den Hiefbrécken erhale sinn, an zwar fënnef Kilometer tëscht Pommerœul a Blaton mat de Schleisen 1 bis 5, an eng ronn 7,5 Kilometer tëscht Callenelle an dem Petit Large vu Péronnes mat 6 Schleisen.

Fir d'Streck sou kuerz wéi méiglech ze halen an net ze vill Terrassementer mat groussen Äerdbeweegungen ze maachen, gouf e Kanal mat engem Scheetbaseng gebaut. De Kanal hat säin Uschloss bei Malmaison eng ronn 450 Meter flossop vun der Schleis Malmaison um Kanal Pommerœul-Condé an huet deem säi Waasserniveau gehale bis bei déi éischt Schleis. Fir duerno de Scheetbaseng ze fëllen deen net genuch Waasser vun de Baachen op der Kopp krut, gouf vun do e Gruef bis bei déi véiert Schleis ugeluecht. Do gouf d'Waasser mat Hëllef vun enger Dampmaschinn (déi éischt an der Belsch op engem Kanal als Pompel) eropgepompelt an da mat engem Gruef bis an de Scheetbaseng hanner der Schleis N° 5 weidergeleet. D'Reschter vum Gebai vun de Pompelanlagen, deemools am Volleksmond Machine à feu genannt, kann een nach haut bei der Schleis N° 4 gesinn. D'Waasser gouf mat zwou Pompelen eropgepompelt, an an engem Dag konnten 30.000 Waasser gepompelt ginn.

Eng Innovatioun waren d'Spuerbasengen déi nieft de Schleisen ugeluecht goufen. Domat konnt bei all Schleisegank en Drëttel vum Waasser gespuert ginn. Op der Säit vun der Haine hat all Schleis ee Spuerbaseng an op där vum Escaut waren et der zwéin.