Kanaliséierung vun der Musel

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Kaart vun de Muselstaustufen
Vue op d'Staustuf vu Frouard

Déi éischt Iddi fir d'Musel ze kanaliséiere koum 1794 wéi d'Stad Metz an d'Handwierkerkummer vu Metz, d'Fuerderung vun enger Kanaliséierung un de franséische Staat gestallt hunn. Déi Fuerderung gouf mat der Wichtegkeet vun enger Waasserstrooss tëscht Däitschland a Frankräich begrënnt.

Dorop ass awer näischt a Frankräich geschitt bis (1836) ugefaange gouf fir d'Musel vu Frouard bis op Perl ze regléieren. E richtege Kanal gouf eréischt 1867 tëscht Frouard a Metz gebaut. Den Deel vu Metz bis op Diddenuewen gouf nom Éischte Weltkrich mat Suen déi Frankräich vun Däitschland fir Krichsschuedindemnisatioune krut, ausgebaut. D'Streck Diddenuewen-Perl gouf net ausgebaut.

Op däitscher Säit ware bis 1939 all Pläng a Propositioune vun enger Kanaliséierung am Sand verlaf. 1940 huet de Reichsverkehrsminister kommandéiert datt d'Musel soll schëffbar gemaach ginn. D'Aarbechten dofir sinn awer net aus de Kannerschong erauskomm, an déi eenzeg nennenswäert Konstruktioun un där vun 1941 bis 1945 geschafft gouf war d'Staustuf vu Koblenz.

Wéi an den fofzeger Joren am Zuch vun der däitsch-franséischer Frëndschaft no Projete gesicht gouf, fir déi ze besigelen, war d'Kanaliséierung vun der Musel just de richtegen. Dofir gouf de 27. Oktober 1956 e Staatsvertrag ënnerschriwwen deen d'Käschten an Verdeelung vun den Aarbechte festgehalen huet.

D'Kanaliséierung vun der Musel vun 1958 bis 1964 huet de Floss vu Metz bis op de Rhäin bei Koblenz schëffbar gemaach. Iwwer eng Streck vun 270 km war doduerch d'Musel fir Schëffer bis 1500 Tonne gëeegent. Grondlag war de Muselvertrag vum 27. Oktober 1956, an dem sech Däitschland, Frankräich a Lëtzebuerg verflichten, d'Musel zu engem europäesche Schëffahrtswee auszebauen.

Déi offiziell Aweiung war de 26. Mee 1964 zu Opech a Presenz vun der Groussherzogin Charlotte, dem Bundespresident Heinrich Lübke, an dem franséische President Charles de Gaulle. D'Éieregäscht goufen op dräi Schëffer, der MS Rüdesheim, der MS Frankfurt an der MS Strasbourg ënnerbruecht. Den de Gaulle huet d'Bändchen duerchgeschnidden.

Bis haut si vun Neuves-Maisons bis op Koblenz 392,36 km Musellaf mat 28 Schleisen, déi zesummen en Niveausënnerscheed vu ronn 161 m iwwerwannen, fir Schëffer mat groussem Gabarit ausgebaut ginn. Vu Koblenz bis op Frouard kënne Schëffer vun der Klass Vb drop fueren, méi uewen nach déi vun der Klass Va.

Vu Frouard bis op Toul leeft de Marne-Rhäin Kanal op enger Streck vun 21,5 km iwwer déi kanaliséiert Musel.

Vum Hafe vun Neuves-Maisons un leeft e Kanal laanscht d'Musel bis op Golbey, wou e sech deelt. Den Aarm deen no Oste féiert, geet weider laanscht d'Musel bis op Épinal, den anere féiert iwwer d'Schleisentrap vu Golbey op de Scheet vum Musel- a Saônebaseng. Dee Kanal dee fréier zum Canal de l'Est gehéiert huet, als Canal de l'Est branche Sud (CeBS), gouf 2003 a Canal des Vosges ëmgedeeft. D'Schleise vun deem Kanal sinn am Freycinet-Gabarit gebaut.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Bauwierker op der kanaliséierter Musel

Déi lescht Schleis ass déi vum Hafen zu Neuves-Maisons, vu wou aus de Kanal Verbindung mat dem Canal de l'Est huet, iwwer den 123 km laangen Deel deen zanter 2003 Canal des Vosges heescht.

Zu Lëtzebuerg gëtt et dräi Staustufe mat Schleisen:

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Etringer, Norbert, 1978. Aus der Geschichte der Moselschiffahrt. 2. unveränderte Auflage. 217 S. 72 Fotos und Abbildungen. Ed. J.-P. Krippler-Muller, Luxemburg. Imprimerie Burg, Echternach. [Am Buch sinn ë a. fréier Kanaliséierungspläng beschriwwen.]
  • Gretsch, Lucien, 1984. 20 Jahre Moselkanal : die Mosel als Schiffahrtsweg. Luxemburger Wort Jg. 137, Nr. 122: 17-18.
  • Hemmer, Carlo, 1956. Die Moselkanalisierung und wir. D'Letzeburger Land vum 22. Juni 1956.
  • Heuertz, Marcel, Paul Margue, Batty Weber, Robert Bruch, Nicolas Hein, Léopold Reichling, H. Krombach & Josy Barthel, 1956-57. Gegen die Moselkanalisierung. Traducteur: Walther John. pp. 66–136 Lëtzeburger Sportfescherverband, Luxembourg.
  • Kutz, Marlies, 1967. Zur Geschichte der Moselkanalisierung von den Anfängen bis zur Gegenwart, ein Überblick. In: Beiträge zur Geschichte der Moselkanalisierung. 318 S. Rheinisch-Westfälisches Wirtschaftsarchiv, Köln.
  • Milkereit, Gertrud, 1967. Das Projekt der Moselkanalisierung, ein Problem der westdeutschen Eisen- und Stahlindustrie. In: Beiträge zur Geschichte der Moselkanalisierung. 318 S. Rheinisch-Westfälisches Wirtschaftsarchiv, Köln.
  • Roderes, Michel, 1991. Les conséquences économiques et politiques de la canalisation de la Moselle. Thèse, mémoire de fin de stage, Diekirch.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Moselle RiverKanaliséierung vun der Musel – Biller, Videoen oder Audiodateien