Kanoun

Eng Kanoun ass e grousst Artillerie-Geschëtz. D'Kanoun besteet gréisstendeels aus engem grousse Rouer, dem "Laf", aus deem schwéier Projektiller geschoss ginn.
Déi éischte Kanoune goufen a China produzéiert, héchstwarscheinlech schonn am 12. Joerhonnert. An där Zäit gouf och de Schéisspolver a China entdeckt.[1]
De Schéisspolver gëtt an de Rouer vun der Kanoun geschott, an do drop gëtt d'Projektil geluecht, meescht eng Kanounekugel. De Schéisspolver gëtt ugefaangen an explodéiert. Doduerch gëtt d'Kanounekugel mat grousser Kraaft aus dem Rouer eraus op d'Zil geschleidert, dat meescht an der Distanz läit.
Hautdesdaags gëtt de Begrëff "Kanoun" net méi dacks fir modern Waffe gebraucht. Et schwätzt een éischt iwwer Artillerie oder méi spezifesch Begrëffer wéi Haubitze/Obusier oder Mörser/Mortier. Eng Ausnam sinn déi vollautomatesch Maschinnekanounen (oder automatesch Kanounen).[2]
Et si just zwou Kanoune bekannt, déi och zu Lëtzebuerg gegoss goufen, an zwar vum Caspar Bux, engem Géisser vu Veianen am 16. Joerhonnert. Si goufen 1926 am Pëtz vun der Branebuerger Buerg fonnt, wou se warscheinlech verstoppt goufen, wéi d'Truppe vum Louis XIV am Land ënnerwee waren. Si sinn haut am Musée Dräi Eechelen.[3]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Kanoun – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Jonathan Hayden, Gunpowder in Medieval China. Clemson University. Gekuckt den 22. Januar 2025.
- ↑ (de) Die Maschinenkanonen von Rheinmetall mit außergewöhnlicher Feuerkraft, Präzision und Zuverläsigkeit. rheinmetall.com. Gekuckt den 22. Januar 2025.
- ↑ (fr) Canons canon. m3e.public.lu (16. Dezember 2020). Gekuckt den 22. Januar 2025.