Kant (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kant
AS16-M-0436.jpg
De Moundkrater Zöllner (uewen lénks) a Kant (ënnen Mëtt), opgeholl vun Apollo 16 (NASA photo)
Koordinaten 10°36'S, 20°6'O
Duerchmiesser 30,85 km
Déift 3,1 km[1]
Selenographesch Längt 40° bei Sonnenopgank
Genannt no Immanuel Kant
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ20

De Kant ass e klengen Aschlagkrater nordwestlech vum opfällege Krater Cyrillus a vum vergläichbar grousse Krater Ibn Rushd. Am Nordweste läit de Krater Zöllner an am Osten ginn d'Virbierger vu Mons Penck bis op eng Héicht vu 4.000 Meter.

De Kant huet e kloer ofgegrenzten a liicht ongläichméissege graff kreesfërmege Rand. Déi bannenzeg Wänn hu méi eng héich Albedo wéi d'Ëmgéigend. Deeler dovu sinn op de Fong gerutscht a bilden eng onreegelméisseg Uewerflächestruktur. Am Zentrum vum Krater ass eng niddreg Kopp.

De Krater gouf nom däitsche Philosoph Immanuel Kant genannt.[2]

Niewekrateren[änneren | Quelltext änneren]

Kant Breedegrad Längtegrad Duerchmiesser
B -9,75° S 18,56° O 15,75 km
C -9,44° S 22,07° O 19,94 km
D -11,4° S 18,62° O 52,4 km
G -9,26° S 19,53° O 26,87 km
H -9,17° S 20,79° O 6,69 km
N -9,93° S 19,7° O 9,61 km
O -12,03° S 17,13° O 6,6 km
P -10,84° S 17,33° O 5,36 km
Q -13,07° S 18,71° O 5,11 km
S -11,57° S 19,7° O 4,43 km
T -11,32° S 20,07° O 3,84 km
Z -10,41° S 17,29° O 3 km

Kuckt och[Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge Univ. Press, Cambridge 2000
  2. Immanuel Kant: Ueber die Vulkane im Monde. In: Berlinische Monatsschrift. Bd. 1, 3. Stük, Mäerz 1785, S. 199–212 online.