Kanton Bern
| Dëse Geographiesartikel iwwer d'Schwäiz ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Kanton Bern | |
|---|---|
|
| |
|
| |
|
| |
| Allgemenges | |
| Gegrënnt | 1353 |
| Offiziell Sprooch | Schwäizer Houdäitsch |
| Chef-lieu | Bern |
| Autosplack | BE |
| Websäit | https://www.be.ch |
| Demographie | |
| Awunner | 1.063.533 |
| 1. Januar 2024 | |
| Geographie | |
| Koordinaten | 46°50'24"N, 7°36'0"O |
| Fläch | 5.959 km² |
| Héchste Punkt | Finsteraarhorn (4.273,9 m) |
| Déifste Punkt | Aare (401,5 m) |
| Grenzt un | Jura, Solothurn, Vaud, Fribourg, Aargau, Uri, Nidwalden, Obwalden, Luzern, Neuchâtel, Wallis |
|
| |
|
Lag vum Kanton Bern an der Schwäiz | |
Bern (de. Bern, fr. Berne, it. Berna, rm. Berna, gsw. Bärn) ass ee vun de 26 Kantonen an der Schwäiz. De Chef-lieu ass d'Bundeshaaptstad Bern.
De Kanton huet 1.063.533 Awunner (Stand 1. Januar 2024)[1] an ass 5.959 km² grouss; d'Bevëlkerungsdicht läit deemno bei 178,48 Awunner / km²[2].
D'Amtssprooche sinn Däitsch (geschwat vu 86 Prozent vun der Bevëlkerung) a Franséisch (11 Prozent). Franséisch gëtt haaptsächlech am Berner Jura (fr. Jura bernois oder Grand Chasseral) an an der Agglomeratioun vu Biel/Bienne geschwat, déi e bilinguale Status huet.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]De Kanton Bern läit am Weste vun der Schwäiz. D'Grenz tëscht der däitschsproocheger an der franséischsproocheger Schwäiz (Romandie), de sougenannte „Röstigruef“, leeft duerch de Kanton.
Vun all de Kantonen ass de Kanton Bern dee mat der gréisster Nord-Süd-Ausdeenung; en erstreckt sech vum Jura iwwer de Schwäizer Plateau bis an d'Alpen, wat en zesumme mam Vaud zum eenzege Kanton mécht, deen all déi dräi Groussregioune vun der Schwäiz (Alpen, Jura, Mëttelland) ëmfaasst. Am Norde grenzt Bern un d'Kantone Jura, Solothurn an Aargau; am Westen un Neuchâtel, Vaud a Fribourg; am Osten u Luzern, Nidwalden, Obwalden an Uri an am Süden un de Kanton Wallis.
Verwaltung
[änneren | Quelltext änneren]Arrondissementer
[änneren | Quelltext änneren]De Kanton besteet aus follgende Verwaltungskreesser (arrondissement administratif)(Stand: 01.01.2024)[3]:
| Arrondissement | Awunner |
|---|---|
| Jura bernois | 53.927 |
| Biel/Bienne | 105.061 |
| Seeland | 78.244 |
| Oberaargau | 84.643 |
| Emmental | 99.561 |
| Bern-Mittelland | 425.694 |
| Thun | 109.442 |
| Obersimmental-Saanen | 16.788 |
| Frutigen-Niedersimmental | 41.420 |
| Interlaken-Oberhasli | 48.753 |
| Total | 1.063.533 |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Kanton Bern – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ https://dam-api.bfs.admin.ch/hub/api/dam/assets/36073801/master; consultéiert den: 14. Januar 2026.
- ↑ Awunner a Fläch ginn automatesch vu Wikidata agebonnen.
- ↑ (de) Bilanz der ständigen Wohnbevölkerung nach Bezirken und Gemeinden, 1991-2024. dam-api.bfs.admin.ch. Gekuckt de 15.01.2026.
