Op den Inhalt sprangen

Kanton Obwalden

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer d'Schwäiz ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Kanton Obwalden
Allgemenges
Gegrënnt 1291
Gehéiert zu Zentralschwäiz
Offiziell Sprooch Schwäizer Houdäitsch
Chef-lieu Sarnen
Besteet aus Alpnach, Engelberg, Giswil, Kerns, Lungern, Sachseln, Sarnen
Autosplack OW
Websäit http://www.ow.ch
Demographie
Awunner 39.272
  1. Januar 2024
Geographie
Koordinaten 46°52'N, 8°2'O
Fläch 490,58 km²
Héchste Punkt Titlis (3.238 m)
Déifste Punkt Vierwaldstätterséi (433 m)
Grenzt un Nidwalden, Luzern, Uri, Bern, Schwyz
Lag vum Kanton Obwalden an der Schwäiz

Obwalden (de. Obwalden, fr. Obwald, it. Obvaldo, rm. Sursilvania, gsw. Obwaldä) ass ee vun de 26 Kantonen an der Schwäiz; e gehéiert zur däitscher Schwäiz. De Chef-lieu ass Sarnen.

De Kanton huet 39.272 Awunner (Stand 1. Januar 2024)[1] an ass 490,58 km² grouss; d'Bevëlkerungsdicht läit deemno bei 80,05 Awunner / km²[2]. D'Amtssprooch ass Däitsch.

Zesumme mat Nidwalden gehéiert en zum historesche Kanton Unterwalden.

De Kanton Obwalden läit am Zentrum vun der Schwäiz; e grenzt am Nordosten un de Vierwaldstätterséi, am Norden an Nordwesten un de Kanton Luzern, am Süden un de Kanton Bern. Am ëstlechen Deel gëtt op der ganzer Längt vun Nidwalden duerchgeschnidden. Doduerch gëtt en Deel eng Exklav déi vun Nidwalden am Westen, dem Kanton Uri am Osten, a vum Kanton Bern am Süden agegrenzt gëtt.

Obwalden besteet aus de Gemengen Alpnach, Engelberg, Giswil, Kerns, Lungern, Sachseln a Sarnen.

Den héchste Punkt am Kanton ass den Titlis mat 3.238 Meter, an déi déifst Plaz ass de Vierwaldstätterséi mat 434 Meter.

Bis 1999 gouf Obwalden als sougenannten Hallefkanton gefouert; zënter der neier Bundesverfassung vum 18. Abrëll 1999 ass et en eegestänneg Kanton; en ass net a Bezierker opgedeelt.

De Kanton besteet aus follgende Gemengen(Stand: 01.01.2024)[3]:

Gemeng Awunner
Alpnach 6.379
Engelberg 4.380
Giswil 3.944
Kerns 6.472
Lungern 2.061
Sachseln 5.294
Sarnen 10.742
Total 39.272
 Commons: Kanton Obwalden – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. https://dam-api.bfs.admin.ch/hub/api/dam/assets/36073801/master; consultéiert den: 14. Januar 2026.
  2. Awunner a Fläch ginn automatesch vu Wikidata agebonnen.
  3. (de) Bilanz der ständigen Wohnbevölkerung nach Bezirken und Gemeinden, 1991-2024. dam-api.bfs.admin.ch. Gekuckt de 15.01.2026.