Kanton St. Gallen
| Dëse Geographiesartikel iwwer d'Schwäiz ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Kanton St. Gallen | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| Allgemenges | |
| Gegrënnt | 1803 |
| Gehéiert zu | Ostschwäiz, Nordostschwäiz |
| Offiziell Sprooch | Schwäizer Houdäitsch |
| Chef-lieu | St. Gallen |
| Besteet aus | Bezierk Rheintal, Bezierk Rorschach, Bezierk Sarganserland, Bezierk See-Gaster, Bezierk St. Gallen, Bezierk Toggenburg, Bezierk Werdenberg, Bezierk Wil |
| Autosplack | SG |
| Websäit | https://www.sg.ch/ |
| Demographie | |
| Awunner | 535.114 |
| 1. Januar 2024 | |
| Geographie | |
| Koordinaten | 47°20'N, 9°10'O |
| Fläch | 2.030,75 km² |
| Héchste Punkt | Ringelspitz (3.247 m) |
| Déifste Punkt | Bodensee (395 m) |
| Grenzt un | Appenzell Innerrhoden, Appenzell Ausserrhoden, Vorarlberg, Graubünden, Glarus, Schwyz, Thurgau, Zürich, Bayern |
|
| |
|
Lag vum Kanton St. Gallen an der Schwäiz | |
St. Gallen (de. St. Gallen, fr. Saint-Gall, it. San Gallo, rm. Son Gagl, gsw. Sanggale) ass ee vun de 26 Kantonen an der Schwäiz; e gehéiert zur däitscher Schwäiz. De Chef-lieu ass St. Gallen.
De Kanton huet 535.114 Awunner (Stand 1. Januar 2024)[1] an ass 2.030,75 km² grouss; d'Bevëlkerungsdicht läit deemno bei 263,51 Awunner / km²[2].
D'Amtssprooch ass Däitsch.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]De Kanton St. Gallen läit an der Ostschwäiz a stéisst un d'Kantone Graubünden, Glarus, Schwyz, Zürich an Thurgau, souwéi am Norden un de Bodensee an am Osten un d'éisträichescht Bundesland Vorarlberg an d'Fürstentum Liechtenstein. Iwwer de Bodensee grenzt en indirekt un déi däitsch Landkreesser Konstanz, Bodensee a Lindau. En ëmschléisst komplett d'Kantonen Appenzell Innerrhoden an Appenzell Ausserrhoden.
Verwaltung
[änneren | Quelltext änneren]Bezierker, Walkreesser a Gemengen
[änneren | Quelltext änneren]Bis 2002 war de Kanton a 14 Bezierker (mat am Ganzen 90 Gemengen) agedeelt. Zënter 2003 besteet de Kanton aus 75 Gemengen, déi an aacht Walkreesser opgedeelt sinn(Stand: 01.01.2024)[3]:
| Walkrees | Awunner |
|---|---|
| St. Gallen | 126.137 |
| Rorschach | 45.321 |
| Rheintal | 77.977 |
| Werdenberg | 42.201 |
| Sarganserland | 43.837 |
| See-Gaster | 71.692 |
| Toggenburg | 48.791 |
| Wil | 79.158 |
| Total | 535.114 |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Kanton St. Gallen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ https://dam-api.bfs.admin.ch/hub/api/dam/assets/36073801/master; consultéiert den: 14. Januar 2026.
- ↑ Awunner a Fläch ginn automatesch vu Wikidata agebonnen.
- ↑ (de) Bilanz der ständigen Wohnbevölkerung nach Bezirken und Gemeinden, 1991-2024. dam-api.bfs.admin.ch. Gekuckt de 15.01.2026.
