Op den Inhalt sprangen

Kanton Thurgau

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer d'Schwäiz ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Kanton Thurgau
Allgemenges
Gegrënnt 1803
Gehéiert zu Ostschwäiz, Nordostschwäiz
Offiziell Sprooch Däitsch
Chef-lieu Frauenfeld
Besteet aus Arbon, Frauenfeld, Kreuzlingen, Bezierk Münchwilen, Weinfelden
Autosplack TG
Websäit https://www.tg.ch/
Demographie
Awunner 295.220
  1. Januar 2024
Geographie
Koordinaten 47°35'N, 9°4'O
Fläch 991,77 km²
Héchste Punkt Grat (996 m)
Déifste Punkt Thur (370 m)
Grenzt un St. Gallen, Zürich, Schaffhausen, Baden-Württemberg
Lag vum Kanton Thurgau an der Schwäiz

Thurgau (de. Thurgau, fr. Thurgovie, it. Turgovia, rm. Turgovia, gsw. Tùùrgi, Tùùrgau) ass ee vun de 26 Kantonen an der Schwäiz; e gehéiert zur däitscher Schwäiz. De Chef-lieu ass Frauenfeld.

De Kanton huet 295.220 Awunner (Stand 1. Januar 2024)[1] an ass 991,77 km² grouss; d'Bevëlkerungsdicht läit deemno bei 297,67 Awunner / km²[2].

D'Amtssprooch ass Däitsch.

De Kanton Thurgau läit am Nordoste vun der Schwäiz a stéisst am Norden un dat däitscht Bundesland Baden-Württemberg, de Kanton Schaffhausen an de Bodensee. Am Süden, no beim Hörnli a Chlihörnli, bilt en d'Grenz mat de Kantone Sankt Gallen a Zürich.

Bezierker a Gemengen

[änneren | Quelltext änneren]

Bis Enn 2010 war de Kanton an aacht Bezierker opgedeelt; zënterhier besteet e just nach aus follgende fënnef Bezierker, mat am Ganzen 80 Gemengen(Stand: 01.01.2024)[3]:

Gemeng Awunner
Arbon             60.993
Frauenfeld             72.549
Kreuzlingen             52.190
Münchwilen             50.099
Weinfelden             59.389
Total           295.220
 Commons: Kanton Thurgau – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. https://dam-api.bfs.admin.ch/hub/api/dam/assets/36073801/master; consultéiert den: 14. Januar 2026.
  2. Awunner a Fläch ginn automatesch vu Wikidata agebonnen.
  3. (de) Bilanz der ständigen Wohnbevölkerung nach Bezirken und Gemeinden, 1991-2024. dam-api.bfs.admin.ch. Gekuckt de 15.01.2026.