Kapell Eschent

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kapell vun Eschent
Uertschaft / Plaz Eschent
Par Par Rammerech
Saint-Valentin
Dekanat Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Remakel
Koordinaten 49° 49’ 22.9’’ N
05° 53’ 13.7’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kapell vun Eschent ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Rammerech Saint-Valentin, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Rammerech gehéiert.

De Patréiner vun der Kapell ass den hellege Remakel, deem säi Fest den 3. September gefeiert gëtt.

D'Kapell steet op der Kräizung vun der Haaptstrooss (rue Principale), dem CR308A, mat der rue du Château.

Zur Par Foulscht gehéieren och nach d'Parkierch vu Foulscht an d'Filialkierch vun Hueschtert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Bis zur Grënnung vun der Par Foulscht huet d'Kapell zu der grousser Par Osper gehéiert.

D'Schrëftstécker soen näischt iwwer d'Origine vun der Kapell. De massive Klackentuerm däerft awer op d'mannst op d'15. Joerhonnert zréckgoen.

1516 gouf et en Accord tëscht den Duerfleit an dem Osper Paschtouer Clais all Woch eng Mass an der Kapell zu Éiere vun den hellege Remakel a Quirinus liesen ze loossen.

Kapell vu bannen[änneren | Quelltext änneren]

An der Entrée vun der Kapell steet de Grafstee vum Nicolas Ungeschick († 1658), dee Kavallerieskapitän war a sech als Riichter ëm d'Lännerei vun den Häre vun Useldeng gekëmmert huet.

Um Altor stinn eng Rei al a wäertvoll Skulpturen. D'Statue vun der Muttergottes a vun den hellege Remakel a Quirinus stinn dowéinst, ausser fir speziell Occasiounen, och net an der Kapell.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kapell Eschent – Biller, Videoen oder Audiodateien