Kapell Grentzen

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kapell vu Grentzen
Kapell vu Grentzen (2006)
Kapell vu Grentzen (2006)
Uertschaft / Plaz Grentzen
Par Ettelbréck
Dekanat Dikrech
Numm / Patréiner Tréischterin am Leed
Konsekratioun 1987
Baujoer 1773
Koordinaten 49° 49’ 53.6’’ N
06° 05’ 27.3’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kapell zu Grentzen ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Ettelbréck, zum Parverband Ettelbréck, zu der Pastoralregioun Zentrum, zum Dekanat Dikrech an zu der Gemeng Ettelbréck gehéiert.

Si ass der Tréischterin am Leed geweit.

D'Kapell steet op der Haaptstrooss, dem CR345.

Se gouf den 2. Mäerz 2018 op d'Lëscht vun de klasséierten nationale Monumenter agedroen.[1]

Zur fréierer Par Ettelbréck gehéieren och nach d'Parkierch vun Ettelbréck an d'Kapell zu Waarken.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Se staamt aus dem Joer 1773. Et war am Ufank d'Privatkapell vun engem Jesuitepater vun Dikrech, nodeems do den Uerde vum Poopst Klemens XIV. opgeléist gouf.[2]

1985 huet d'Baroness de Broqueville aus dem Schlass Biertreng d'Kapell, déi an engem aarmséilegen Zoustand war, mat der Gemeng Ettelbréck géint Lännereie getosch.

Doropshin ass d'Kapell tëscht 1985 an 1987 vun der Gemeng renovéiert, an den 18. September 1987 vum Bëschof Jean Hengen nei ageweit ginn.

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kapell Grentzen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste des immeubles et objets classés Monuments nationaux ou inscrits à l'Inventaire supplémentaire. (Lescht Versioun vum 8. November 2019).
  2. Das Dörfchen mit dem Leuchtturm - Das kleine Grentzingen ist seit jeher vom Leben mit der Alzette geprägt, Luxemburger Wort vum 3. Juli 2015, S. 28