Op den Inhalt sprangen

Kapell Héiweng

Vu Wikipedia
Kapell vum Héiweng

Uertschaft / PlazHéiweng
Par Par Mess-Réibierg
Sainte-Famille
Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Hl. Albin
Konsekratioun 2. Jan. 1955
Desakraliséiert 2020
Architekt(en) Jean Lammar
Baujoer 1953-54
Koordinaten 49° 36’ 19.3’’ N
      05° 55’ 48.0’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kapell zu Héiweng war eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Mess-Réibierg Sainte-Famille, zum Dekanat Süden-West an zu der Gemeng Garnech gehéiert huet. Se gouf am Mee 2020 entweit.[1]

D'Gebai steet nieft der Schoul, op der Haaptstrooss (rue de Garnich), dem CR101.

Déi éischt Kapell vun Héiweng ass ëmt d'Joer 1682 gebaut ginn[2]. Se stoung zirka 150 m méi wäit ënnen an der Strooss wéi déi nei Kapell. Se gouf eréischt ofgerappt nodeems déi nei Kapell gebaut war. Eng Foto vun der aler Kapell kann een op der Websäit vun der Gemeng Garnech gesinn[3].

Déi aktuell Kapell gouf 1953-54 vun der Firma Nic. Mangen vu Stengefort gebaut, nodeems de Gemengerot ënner dem Buergermeeschter Nic Arend de Plang am Februar 1953 geneemegt hat[4]. Architekt war de Jean Lammar. Se gouf den 2. Januar 1955 vum Deche vu Käerch ageseent[5].

Bis de 7. Mee 2017 huet se zur Par Garnech, zum Parverband Nidderkäerjeng, zu der Pastoralregioun Süden an zum Dekanat Käerch gehéiert. Zur fréierer Par Garnech hunn och nach d'Parkierch vu Garnech an d'Kapell vun Duelem gehéiert.

A senger Sëtzung vum 22. Abrëll 2020 huet de Garnecher Gemengerot eestëmmeg beschloss, d'Kapell entweien ze loossen[6], nodeems e schonn a senger Sëtzung vum 12. Februar 2020 och eestëmmeg entscheet hat, déi Demande beim Bistum ze maachen[7].

 Commons: Kapell Héiweng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Äerzbëscheeflechen Dekreet vum 11.05.2020
  2. Zur Einsegnung der neuen Kirche von Hivingen (Garnich) am Luxemburger Wort vum 5. Januar 1955, S.6
  3. Websäit vun der Gemeng Garnech Histoire de Garnich
  4. Der Plan einer neuen Kirche in Hivingen genehmigt / Aus der Gemeinderatssitzung von Garnich am 23. Februar 1953 am Luxemburger Wort vum 26. Februar 1953, S.6
  5. Die neue Dorfkapelle von Hivingen (Garnich) am Luxemburger Wort vum 30. Dezember 1954, S.8
  6. De Gemengebuet 2020/2, S. 6.
  7. De Gemengebuet 2020/1 S. 5.