Kapell Heeschbrech

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Geographesch Koordinaten:
Kapell zu Heeschbrech
Kapell vun Heeschbrech (2013)
Uertschaft Heeschbrech
Par Hemstel
Numm / Patréiner Hl. Margréit
Konsekratiounsjoer -
Architekt(en) -
Kierchen - Kapellen

D'Kapell zu Heeschbrech ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Bech gehéiert.

Patréinesch ass d'Helleg Margréit, där hiert Fest den 20. Juli gefeiert gëtt.

D'Kapell steet zu Heeschbrech ganz am Norde vum Duerf an engem klenge Säitewee vun der Haaptstrooss, dem CR136.

Zur Par Hemstel hunn ausser der Kapell vun Heeschbrech och nach d'Parkierch vun Hemstel, d'Kierch vun Altréier, d'Kapell vu Rippeg an d'Kapell vun Zëtteg gehéiert.

De 26. Abrëll 2019 gouf d'Kapell, mat hirem Mobiliar an engem Weekräiz, als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kapell Heeschbrech – Biller, Videoen oder Audiodateien
D'Kapell vun Heeschbrech aus südwestlecher Richtung gesinn

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste des immeubles et objets classés Monuments nationaux ou inscrits à l'Inventaire supplémentaire (Lescht Versioun vum 19. Juni 2019).