Kapell Heischtergronn

Vu Wikipedia
Kapell am
Heischtergronn
D'Kapell aus dem Heischtergronn

D'Kapell aus dem Heischtergronn
D'Kapell aus dem Heischtergronn
Uertschaft / Plaz Heischtergronn
Par Öewersauer
Saint-Pirmin
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Kunigunde
Baujoer 1853
Koordinaten 49° 54’ 17.7’’ N
      5° 57’ 42.4’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kapell am Heischtergronn ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Öewersauer Saint-Pirmin, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Esch-Sauer gehéiert.

D'Patréinesch ass d'helleg Kunigunde där hiert Fest den 13. Juli gefeiert gëtt.

Se steet am Kierchewee, dee vun der N12 an den Heischtergronn féiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Bis de 7. Mee 2017 war d'Kapell aus dem Heischtergronn eng Kapell vun der Par Heischent. Zur fréierer Par Heischent huet ausser der Kapell aus dem Heischtergronn och nach d'Parkierch vun Heischent an d'Kapell zu Mëtscheed gehéiert.

Iwwer d'Gebai[änneren | Quelltext änneren]

D'Kapell ass an de Joren 1848 - 1852 gebaut ginn.

D'Kapell am Heischtergronn ass en aachteckege Bau. Si ass am neo-gotesche Stil gebaut. An der Ardenneschluecht 1944/45 war d'Kapell staark beschiedegt ginn. 1949 gouf se erëm zum Deel reparéiert. Gréisser Reparature goufen an de Joren 1962 bis 1964 gemaach.

Am Joer 1991 gouf d'Kapell als National-Monument klasséiert.[1] Duerno ass si da komplett vu baussen a vu banne restauréiert ginn.

D'Statuen[änneren | Quelltext änneren]

D'Fënsteren[änneren | Quelltext änneren]

D'Fënstere sinn am Ufank vum 20. Joerhonnert am Atelier Linster zu Munneref gemaach ginn. Op jiddwer Fënster ass en Hellegen ze gesinn.

D'Klack[änneren | Quelltext änneren]

D'Klack aus der Kapell klëngt am Toun la.

Si ass 0,35 m héich an huet en Duerchmiesser vun 0,41 m.Op der Klack ass e Bild vun der Tréischterin am Leed, an et steet dorop geschriwwen "Faitte par Hemery", de Rescht vun der Inscriptioun ass ewechgefeilt.

D'Celsus-Feier[änneren | Quelltext änneren]

Zanter 1987 organiséieren d'Frënn vun der Heischtergrënner Kapell all Joer am Juli d'Celsus-Feier an der Kapell. Bei där Geleeënheet gi Päerd, Trakteren, Autoen a Vëloe bei der Kapell vum zoustännege Paschtouer geseent.[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Por Heischent, (verschidden Auteuren), Saint-Paul, Lëtzebuerg, 2004

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kapell Heischtergronn – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. (JC), 2013. 200 Autos, Pferde, Traktoren und Fahrräder gesegnet. "Frënn vun der Heischtergrënner Kapell" organisieren die Feier bereits zum 27. Mal. Luxemburger Wort vum 17. Juli 2013, S. 23.