Maximäinkapell zu Kënzeg

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kapell Kënzeg)
Kierch vu Kënzeg

Uertschaft / Plaz Kënzeg
Par Par Kordall
Sainte-Barbe
Dekanat Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Hl. Maximäin
Koordinaten 49° 35’ 43.1’’ N
      05° 52’ 51.2’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Maximäinkapell zu Kënzeg ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Kordall Sainte-Barbe, zum Dekanat Süden-West an zu der Gemeng Käerjeng gehéiert.

De Patréiner ass den hellege Maximäin, deem säi Fest den 29. Mee gefeiert gëtt.

Se steet op der Kräizung vun der rue de la Gare an der rue de Fingig, dem CR101 an der rue de la Chapelle, net wäit vun der aler Gare vun der Atertlinn ewech. Nieft der Kapell steet d'Wëll Lann vu Kënzeg, ee vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Maximäin-Kapell staamt aus dem Joer 1732. D'Kapell gouf 1977 restauréiert.

D'Seeche vum Maximäin[änneren | Quelltext änneren]

Enger Seechen no haten d'Awunner vu Kënzeg refuséiert, dem hl. Maximäin, Bëschof vun Tréier, e Päerd ze léine wéi hien duerch d'Duerf gezunn ass.

Gläich drop ass eng schlëmm Krankheet ënner de Päerd am Duerf ausgebrach. D'Awunner hunn hire Feeler erkannt a sinn dem hellege Mann nogelaf fir hien ëmzestëmmen. Hien huet hinne verzien an huet de Päerd Lannentéi ze saufe ginn, wourop d'Déiere geheelt goufen.

Ier hien d'Duerf erëm verlooss huet, huet den hellege Mann eng Lann geplanzt an d'Awunner gebiede sech drëm ze këmmeren. Spéider gouf dunn nieft der Lann eng Kapell zu sengen Éiere gebaut, an all Joer op Päischten huet eng Pressessioun dohi gefouert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Maximäinkapell zu Kënzeg – Biller, Videoen oder Audiodateien